Tëscht 8 an 12 Joer al waren d'Kanner. Dëst wär eng Alterstranche, déi hautdesdaags ëmmer méi a Kontakt mat der moderner Kommunikatioun kéim an deementspriechend léiere muss, virsiichteg mat dëse Medien ëmzegoen.
10 verschidde Statioune waren am Forum vum Geesseknäppchen opgebaut. Äntwerte goufen et zur Fro, wei déi nei Medie kënne kreativ genotzt gi bis wéi ee sécher am Internet ënnerwee ass.