Ausbléck JustizWéi eng Prozesser stinn am Ufank vum Joer un?

Diana Hoffmann
Mir geheien e Bléck op d'Stater Geriicht. Och d'nächst Joer stinn hei nees vill Prozesser um Programm, bei deenen et sech lount eran ze lauschteren.

Wéi eng dat an den 3 éischte Méint vum neie Joer sinn, faasst d’Diana Hoffmann zesummen.

Prozesser um Ufank vun 2023 / Reportage Diana Hoffmann

Déi dräi Persounen, deene reprochéiert gëtt am Summer 2019 op der Gemeng zu Hesper Sue verontreit ze hunn, musse sech vun der Mëtt vum nächste Mount u viru Geriicht veräntwerten. Am Kader vun der Enquête goufen Immobilien a Verméigen am Wäert vu bal fënnef Milliounen Euro confisquéiert. De Prozess ass op véier Deeg ugesat.

D’Affär, an där e fréieren an en aktuellen RTL-Mataarbechter wéinst Diffamatioun viru Geriicht stinn, geet dann Enn Februar un. 2016 hat de fréiere Mudam Direkter Enrico Lunghi an der Suite vun der sougenannter Lunghi-Affär demissionéiert. Bei engem RTL-Interview fir d’Emissioun “Den Nol op de Kapp” hat hien eng Journalistin graff um Aarm ugepaakt a bedrängt. Well den Interview bei der Ausstralung zu sengem Nodeel manipuléiert gewiescht soll sinn, fuerdert hien elo Schuedenersatz. Dëse Prozess soll dräi Deeg daueren.

Op zwee Deeg ass dann e Prozess ugesat, bei deem eng Fra hire Brudder ëmbruecht huet. Weider Detailer sinn hei net bekannt, ausser, dass dësen aus gesondheetleche Grënn bei der Mamm zu Schëffleng gewunnt huet.

E weidert Familljen-Drama gëtt dann Ufank Mäerz virun der 12. Kummer verhandelt. Do muss sech e Mann wéinst versichtem Doudschlag u senger Fra veräntwerten. Hien hat am Mee zejoert seng Fra aus dem drëtte Stack gestouss. Dobäi gouf si esou uerg blesséiert, dass si haut queeschschnëttsgeläämt ass.

Da mussen d’Riichter an zwee Fäll vun Déifstall mat Gewalt a Geiselnam tranchéieren. An engem Fall geet et ëm eng Bom an hir Enkelin, déi Mëtt Dezember 2017 zu Gonnereng doheem iwwerfall goufen. Bei engem aneren ëm en Iwwerfall ugangs dëst Joer an der Wunneng vum Affer zu Bieles. Geklaut goufen eng Jackett, e Rimm a Sportschlappen.

Back to Top
CIM LOGO