Post-Covid-19Wéi eng Spueren hannerléisst d'Infektioun?

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 24.000 Leit gëllen an de Lëtzebuerger Corona-Statistiken den Ament als geheelt. Dass déi Bezeechnung dacks ze kuerz gräift, weisen ëmmer méi Etüden.
Wéi eng Spueren hannerléisst d'Corona-Infektioun?
Iwwer 24.000 Leit gëllen an de Lëtzebuerger Corona-Statistiken den Ament als geheelt. Dass déi Bezeechnung dacks ze kuerz gräift, weisen ëmmer méi Etüden.

Vun enger grondsätzlecher Middegkeet, dem Broschtkuerf oder Gelenker, déi wéi dinn iwwert de Gerochssënn, dee fir Wochen oder Méint verschwënnt: Ëmmer méi Etüden interesséiere sech fir d’Nowéie vum Covid-19.  Lëtzebuerg huet un de "post covid health studies" matgeschafft, wou d’Nowéie vun engem Echantillon vu Patienten 3 Méint no hirer Infektioun suivéiert an dokumentéiert goufen. Opfälleg war virun allem déi psychesch Symptomatik. Op 3 Méint hate bis zu 50% vun den ënnersichte Patiente mat Angscht-, Depressiouns- oder Onsécherheetssymptomer ze kämpfen. Bei deene meeschte wären dës Symptomer zwar just liicht ausgepräägt a géife sech beispillsweis duerch Schlofproblemer weisen, ma bis zu 18% vun de Betraffene misst op Angscht-, Schlofmëttel oder esouguer Antidepressiva zréckgräifen.

Aussoen iwwer Laangzäitfolge kënne bis ewell keng getraff ginn, dofir ass et nach ze fréi. Am grousse Ganze wären d’Noënnersichunge vun de Covid-Patienten aus der éischter Well awer rassurant gewiescht, erkläert den Dokter Gil Wirtz, Pneumolog am CHL. Positiv opgefall wär, dass de Longevolume sech relativ séier erëm recuperéiert hätt, och wann den Echange vum Sauerstoff deelweis nach op länger Dauer beanträchtegt ze si schéngt. Och Läinzeechen op de Longe konnte festgestallt ginn, ob dës awer längerfristeg Auswierkungen hunn, kéint een zu dësem Zäitpunkt nach net aschätzen.

Bei den allermeeschte Fäll sinn d’Dokteren optimistesch, dass d’Nowéien, och wa se sech zum Deel haartnäckeg weisen, am Endeffekt awer vum selwe verschwannen. Déi éischt Ulafstell fir e Suivi vun Nowierkunge wär de Generalist, deen de Patient dann am Gros vun de Fäll rassuréiere kéint. Nodréiglech Tester vum Häerz oder vun de Longe wäre just a wéinege Fäll néideg.

Dr. Gil Wirtz, Pneumolog: "Dat ass fréistens no 3,4 Méint, wou dat e Sënn huet an och just bei Leit, déi schlëmm Erkrankungen hunn oder wa se nach Symptomer hunn. Dat ass ganz kloer, dass mer net kënnen an et net nëtzlech ass, bei jidderengem, deen de Coronavirus hat, e komplizéierten Test vun der Long ze maachen. Ech mengen dat Wichtegst ass, dass d'Leit rëm op hire Been sinn a keng Otemnout méi hunn an dann ass et och ganz onwarscheinlech, dass mer do eppes fanne géifen."

RTL-Artikel: Temoignagë vu Betraffenen: Psychesch Belaaschtung als Suite vu Corona-Infektioun

Back to Top
CIM LOGO