Dës Photovoltaik-Installatioun gouf vir Kuerzem ageweit. An de Ryck Thill erkläert, wéi de gréisste Solar-Carport am Land funktionéiert.
Ënnert de Solar-Panneaue verstoppt sech e Parking vun der Goodyear. Den neie Carport huet eng Fläch vu 4.000 Quadratmeter op deene 1.500 Photovoltaik-Modüllen installéiert sinn. D'Solar-Installatioun produzéiert esouvill Energie wéi 170 Stéit bannent engem Joer verbrauchen. Fir de Pneue-Produzent ass dëse Projet Deel vun hirer Nohaltegkeetsstrategie.
Dëst ass deen éischte grousse Solar-Projet, deen op engem Parking realiséiert gouf. Den Claude Turmes hofft, datt déi Iddi vun aneren Entreprisë kopéiert gëtt.
Zënter 2018 lancéiert den Energieministère reegelméisseg Ausschreiwunge fir grouss Solar-Anlagen. D'Projete mam beschte Präis-Leeschtung-Rapport ginn zréckbehalen a kréien e festen Aspeis-Präis garantéiert. Dëst Konzept huet e Solar-Boom ausgeléist.
D'Goodyear wäert nieft Pneuen och weider Stroum produzéieren. D'Firma plangt eng zweet grouss Photovoltaik-Installatioun op der Teststreck zu Colmer-Bierg. Enn 2022 soll um Circuit Stroum fir 1.300 Stéit produzéiert ginn.