An Däitschland gëtt den haarde Lockdown bis Mëtt Februar verlängert an och a Frankräich an an der Belsch goufe rezent d'Mesurë verschäerft an deels verlängert. Wéi geet et dann nom 1. Februar hei am Grand-Duché weider, wann déi aktuell Covid-Gesetzer oflafen?
Ënner anerem och doriwwer hunn d'Deputéiert vun der Santéskommissioun en Dënschdeg de Moie mat der Ministesch diskutéiert.
RTL-Informatiounen no wier e Sonndeg Regierungsrot. D'Paulette Lenert huet en Dënschdeg de Mëtteg och confirméiert, dass d'Regierung Enn der Woch géing d'Situatioun evaluéieren. D'Zuelen hei am Land géinge gutt evoluéieren, ma wéi een am Ausland géing gesinn a wéi och d'Experte géinge warnen, wier d'Mutatioun eng grouss Inconnue, a genee dofir misst een dës Woch nach ofwaarden.
Kritik gouf et en Dënschdeg de Moien ënner anerem fir d'Impfstrategie. Et géing u Previsibilitéit feelen. D'Regierung kéint op d'mannst graff Zäitraim nennen, fënnt den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum.
„Also zum Deel versteet een et, well d'Regierung jo och bëssen tributaire vun de Produzenten ass op der enger Säit. Ma op der aner Säit ass et awer schonn enttäuschend, dass ee vu Woch zu Woch d'Gefill huet, awer bëssen higehalen ze ginn. Et gëtt ëmmer op extern Avise referéiert an et ass kee previsibelen Timing, dee wierklech ugekënnegt gëtt."
D'Ministesch kann d'Reprochen net novollzéien. D'Regierung wär transparent an hätt lescht Woch an der Chamber presentéiert, wéi een a punkto Prioriséierung vun den Impfunge wéilt virgoen.
„Do waarde mer elo op den Avis vum Ethikrot. Dat ass eppes, wat mer ganz seriö huelen, dee froe mer jo net just pour la forme, mee mir si wierklech do gespaant, wat den Avis ass zu eiser Propos. Soubal mer den Avis hunn, wäerte mer da gesinn, ob et bei der Propos bleift, wéi mer se bei den Deputéierte virgestallt haten oder ob mer Ajustementer wäerte maachen."
Donieft géinge sech nach ëmmer vill Froe ronderëm d'Impfung vun de vulnerabele Persoune stellen, kritiséiert och den CSV-Deputéierte Claude Wiseler.Wat vulnerabel ass, wier definéiert an näischt Vages, präziséiert d'Paulette Lenert dogéint. Vun der Direktioun vun der Santé wier dat unhand vun engem Avis vum Conseil des maladies infectieuses festgehalen. Do géing et och ee Listing gi vu Krankheeten, déi dozou féieren, dass een als vulnerabel kategoriséiert gëtt. D'Doktere géingen de Listing kennen, dat wier näischt Neies. Wa Leit do Zweiwelen hunn, da wier den Dokter den Uspriechpartner, sou nach d'Santésministesch Paulette Lenert.
En Dënschdeg de Moien goufen iwwerdeems eng ganz Rëtsch Datumer zeréckbehalen, wou sech d'Kommissioun wäert gesinn, fir iwwer d'Zukunft vum Santéssecteur an d'Opwäertung vun de Santésberuffer ze schwätzen.
