Update vum Covid-GesetzWéi geet et virun nom 10. Januar?

Roy Grotz
En Dënschdeg am spéide Moien kënnt de Regierungsrot beieneen, fir d'aktuell Covid-Chifferen z'analyséieren an op Basis vun dësen eng Decisioun ze huelen.

En Dënschdeg am spéide Moie kënnt de Regierungsrot beieneen, fir d'aktuell Covid-Zuelen z'analyséieren an op Basis vun dësen dann ze decidéieren, wéi eng vun de Covid-Mesurë wäerte verlängert ginn. Datt et zu enger Verlängerung vun op d'mannst eenzele Mesurë kënnt ass kloer, well net méi spéit wéi en Dënschdeg am spéide Nomëtteg d'Chamber-Santéskommissioun beienee kënnt, fir iwwert den neie Gesetzesprojet ze debattéieren, an deem d'Mesuren definéiert ginn, déi solle verlängert ginn.

En Dënschdeg géint Mëtteg gëtt de Chamber-Büro an d'Presidentekonferenz informéiert, duerno dann ass eng Pressekonferenz, déi Dir live vu 15 Auer un hei um Radio grad wéi op RTL Télé an op RTL.lu kënnt suivéieren.

Eng vun den Hypotheesen, iwwert déi en Dënschdeg diskutéiert gëtt, ass eisen Informatiounen no d'Verlängere vu verschiddene Restriktiounen ëm bis zu weider 3 Wochen, also bis de leschte Januar-Weekend.

En Dënschdeg muss awer och eng Decisioun falen, wéi et mat der "Schoul-Doheem" vum nächste Méindeg u weidergeet, respektiv op weider all net-essentiell Butteker mussen zoubleiwen, ob weider d'Reegele spillen, fir limitéiert Doheem beieneen ze kommen, an op de Couvre-feu weider bei owes 21 Auer bleift.

Ausser d'Zoumaache vum Horesca-Secteur, deen nach bis de 15. Januar gëllt, leeft nämlech d'Covid-Gesetz, dat op Hellegerowend vun der Chamber gestëmmt gouf, den nächste Sonndeg aus.

Fréistens also kënnt d'Chamber-Plenière e Freideg am Cercle beieneen. Spéitstens awer muss et e Samschdeg de Moie sinn.

Back to Top
CIM LOGO