
En Dënschdeg de Moie war déi parlamentaresch Institutiounekommissioun eng éischte Kéier ënnert dem neie President Mars Di Bartolomeo beieneen. Do goufen déi grouss Achse festgehalen, wéi weider soll geschafft ginn. Et bleift bei 4 Kapitelen, de Volet Justiz zum Beispill soll no der Fuesvakanz ofgeschloss ginn.
D'Kapitel Staatsform interesséiert dëser Deeg besonnesch an do virop d'Fro, a wéi wäit de Waringo-Rapport bei den Aarbechten un der Verfassung wäert consideréiert ginn. Do annoncéiere sech elo scho potentiell Divergenze bannent der Kommissioun, zum Beispill hunn ADR an déi Lénk verschidde Vuen.
D'Parlamentarier hale sech à ce stade awer allgemeng nach bedeckt a wëllen d'Presentatioun vum Rapport e Mëttwoch ofwaarden. Vill Elementer aus deem Dokument wieren der Chamber iwwregens bekannt a se stéingen och a vergaangene Kommissiounsrapporten.
RTL-Artikel: Op dësen 29 Punkte soll d'Verfassung geännert ginn