No den héijen TemperaturenWéi ginn d'Wënzer mat der Hëtzt ëm?

Céline Eischen
Vill gouf an de leschte Wochen an Deeg iwwer d'Wieder geschwat, iwwerall sinn d'Konsequenze vun der Afenhëtzt ze spieren, an dat net och zulescht bei de Wënzer an de Wéngerten. Wéi hunn d'Drauwen op déi héich Temperature reagéiert?
© Céline Eischen

Wënzer an der Canicule - E Reportage vum Céline Eischen

Mir sinn zu Rëmerschen an de Wéngerten vum Domaine Sunnen-Hoffmann: Déi lescht Wochen huet och hei d'Sonn deck gedréckt, ma bei de méi ale Wéngerten hätt d'Hëtzt de Wuesstem vun den Drauwen net zréck gehalen, dat well d'Wuerzelen déif am Buedem wieren an esou nach genuch Waasser kréichen. Bei de méi jonke Riewen géif dat liicht anescht ausgesinn, do stinn d'Drauwe scho méi ënner Stress. Wéi eis déi jonk Wënzerin Marie Kox erkläert, wier dat Wichtegst an esou Hëtztwellen nom Buedem ze kucken.

"Et muss ee wierklech kucken, datt de Buedem gutt narhaft ass a wierklech liefhaft ass, datt de Buedem eeben d'Waasser ka späicheren, wann Ree fält, fir datt d'Wuerzelen eeben déif kënne kommen."

Well et elo am fréie Summer schonn esou waarm war, kann een och dëst Joer dovunner ausgoen, datt d'Drauwe méi fréi zeideg sinn.

© Céline Eischen

"Et kann ee mol soen, datt mer wierklech e ganz fréit Joer sinn. Dat heescht mir wäerten erëm fréi an d'Lies goen, sou wéi zum Beispill d'lescht Joer hu mer och schonn de 26. August mat der Lies ugefaangen. Dëst Joer gesäit et och ganz, ganz duerno aus. Mee jo, wéi gesot, et sinn nach annerhallwe Mount, do kann awer nach vill passéieren."

Elo scho steet fest, et wäert net just bei dëser Canicule bleiwen. Do géifen et awer eng Rei Strategië ginn, wéi zum Beispill fir méi resistent Ënnerlagen bei neien Uplanzungen ze maachen.

D'Marie Kox an hir Famill produzéieren zanter 25 Joer Bio-Wäin: Eng Decisioun an där een op jiddwer Fall nach haut confirméiert wier.

"Mir si wierklech ganz zefridde mat där Situatioun a wäerte wierklech och weiderhin an déi Richtung schaffen, well mir schaffe mat der Natur, mir schaffen fir d'Natur. Mir sinn ofhängeg vun der Natur, dat heescht mir musse wierklech kucken dat oprecht ze erhalen an eeben de Buedem ze stäerken, do wierklech e ganz eenheetleche System mat eranzekréien."

Et wier nämlech een Zesummespill tëscht Natur, de Riewen, an dem Wënzer, dat misst een dem Marie Kox no als ee Ganzt gesinn.

© Céline Eischen

Back to Top
CIM LOGO