Stroumausfall ewéi zu BerlinWéi gutt ass Lëtzebuerg virbereet?

Tim Morizet
Am Berliner Südweste ware bal eng Woch zéngdausende Leit ouni Stroum no enger gezielter Attack op de lokale Stroumreseau. Och zu Lëtzebuerg géif e méi laange Stroumausfall wäitreechend Konsequenzen hunn.
Stroumpann zu Berlin: Wéi gutt ass Lëtzebuerg virbereet?
Aktuell ginn et am Internet méi Bekennerschreiwen, déi d’Dot revendiquéieren oder sech dovunner distanzéieren. Ma och eng ganz aner Pist ass nach méiglech.

Betraff wieren net nëmmen d’Privatstéit, mee virun allem och kritesch Infrastrukturen ewéi Spideeler, Altersheemer oder Schoulen.

Creos: séier reagéieren, Schied begrenzen

D’Responsabilitéit fir den operationelle Stroumreseau zu Lëtzebuerg läit bei Creos. Am Fall vun engem lokale Stroumausfall géif den Dispatching direkt Alarm schloen an no der Ursaach sichen. „Soubal mer dat da festgestallt hunn, versiche mer direkt iwwert d’Fernsteierung all déi Clienten, déi net direkt vun der Pann betraff sinn, also net direkt un deem futtissen Deel hänken, fir déi nees ze alimentéieren“, seet de Carlo Bartocci, Chef vun der Grid-Operation bei Creos.

Dacks geet dat ganz séier. Bei enger rezenter Pann am Norde vum Land konnten no Aussoe vu Creos bannent Minutten 90 Prozent vun de betraffene Clienten nees mat Stroum versuergt ginn. Bei engem méi grousse Schued wier den Impakt awer net vergläichbar mat der Situatioun zu Berlin, well d’Netz zu Lëtzebuerg anescht opgebaut ass. „Elementer vum Netz an engem selwechten Tronçon, an engem Kanal oder op enger Bréck – esou wéi zu Berlin – dat vermeide mir. An do, wou et sech net vermeide léisst, gëtt dat esou ofgeséchert, datt keen drakënnt“, betount de Bartocci. Déi sensibel Plaze géife permanent iwwerwaacht, an all Alarm géif direkt am Dispatching ukommen a kontrolléiert ginn.

Wann et méi laang dauert: Krisemanagement a Relogement

Sollt et trotzdeem haart op haart kommen, da wier och de Krisemanagement gefrot. An engem Sall vum HCNP zu Senneng treffe sech an esou engem Fall déi Acteuren, déi di strategesch Decisiounen huelen. Den Haut-Commissariat à la protection nationale spillt dobäi eng zentral Roll.

„Wann et méi laang dauert wéi dat, wou ee sech opstellt, da mussen déi verschidde Pläng aktivéiert ginn – fir eventuell Leit ze relogéieren, op aner Plazen ze bréngen oder och e Spidol ze evakuéieren. Dat si verschidde Pläng, déi et effektiv och gëtt“, erkläert de Guy Bley, Haut-Commissaire fir déi national Sécherheet. Den Inneministère huet dofir Lëschte mat potenzielle Plazen, wou Leit am Noutfall kéinten ënnerbruecht ginn, dorënner Hoteller a Jugendherbergen. Eng wichteg Roll spillen awer och d’Gemengen.

Hesper: E Centre d’Accueil fir de “Worst Case”

Nieft der Stad Lëtzebuerg ass Hesper – wéinst der Héichwaassergefor – déi eenzeg Gemeng mat engem Centre d’Accueil fir Noutfäll. Am Zenter um Holleschbierg kann a kuerzer Zäit reagéiert ginn. „Hei ass et virgesinn, datt d’Leit eng Plaz hunn, wou se e waarme Kaffi kréien, kënnen duschen a schlofen, wa guer näischt méi geet“, erkläert den Andrea Nicoletti, Gemengeresponsabele vum Zenter.

An nëmmen dräi Stonne kann d’Struktur opgeriicht ginn. 50 Feldbetter mat Oftrennungen an eng autonom Stroumsource, déi bis zu 72 Stonnen hält, sollt um Netz guer kee Stroum méi sinn.

Dat ass awer och mat Käschte verbonnen, betount d’Hesper Gemeng. „Mir hunn d’Chance, datt mir eng méi grouss Gemeng sinn, déi d’Mëttel huet. Fir méi kleng Gemengen ass dat awer relativ schwiereg“, seet d’Buergermeeschtesch Diane Adehm an hofft op Hëllefe vum Inneministère.

Back to Top
CIM LOGO