
Awer grad méi Informatioune wollt de grénge Parlamentarier Charel Margue vun der zoustänneger Ministesch hunn.
D'Konferenz "Being Black in Luxembourg" am November hätt gewisen, datt et am Beräich nach esou munches ze maache gëtt, schreift de Charel Margue a senger Fro. D'Zivilorganisatiounen hätten nämlech am Kontext vun där Konferenz ze bedenke ginn, datt Lëtzebuerg keng Moyenen hätt, fir effikass géint de Rassismus an d'Xenophobie virzegoen.
Dat gesäit d'Ministesch Corinne Cahen allerdéngs e bëssen aneschters. An hirer Äntwert verweist si nämlech op den CET, de Centre pour l'égalité du traitement. Deen net nëmme fir d'Sensibiliséierung geduecht ass, mä och de Rôle vun engem Observatoire ze gutt kéim. Donieft géif den CET och fir d'Informatioun an d'Dokumentatioun am Kader vu senger Missioun opkommen. Kuerz: d'Ministesch resuméiert an hirer Äntwert just d'Funktioune vum CET. Op zwou Umierkunge vum Charel Margue geet d'Corinne Cahen allerdéngs mat kengem Wuert an. Zum engen op d'Recommendatioun vun der European Commission against Racism and Intolerance, déi der Regierung virgeschloen hat, ee System op d'Been ze stellen, wou all d'Incidente solle repertoriéiert ginn. "La police et la justice devraient mettre en place un système d'enregistrement et de suivi des incidents racistes et homo/transphobes", heescht et am Rapport vun 2017.
Am Rapport vum ECRI steet weider, datt den CET "n'a pour sa part que la compétence d'apporter aux victimes de discrimination un service de conseil et d'orientation. La loi ne lui confère ni le droit d'agir en justice pour faire valoir les droits des victimes de discrimination." Den ECRI hat och weider gefrot am Paragraph 24 vu sengem Rapport, d'Kompetenze vum CET z'erweideren, datt ee sollt kënnen eng Enquête maachen an d'Recht hunn, fir viru Geriicht ze goen. Op dës Punkte geet d'Corinne Cahen net an.