De Professer war Spezialrapporter vun der UNO fir Nahrungsécherheet an ass haut nach ee vun de féierenden Experten op dësem Gebitt. Am Virfeld vun der Konferenz huet d’Caroline Mart sech mat him ënnerhal.
Doriwwer gëtt op enger Konferenz diskutéiert mat Vertrieder vu Politik Zivilgesellschaft Landwirtschaft oder Handel a mat engem auslänneschen Expert als Gaaschtriedner. Dem Olivier de Schutter, de Professer op den Unie vu Louvain a Paris Science Po war Spezialrapporter vun der UNO fir Ernierungssécherheet. Am RTL-Interview huet hie kloer gemaach, dass et virop eng Fro vu politeschem Wëllen ass, et wier zum Beispill duerchaus méiglech ze verhënneren, dass wéi am Moment nach 830 Millioune Mënschen Honger leide missen an dass op der anerer Säit an de räiche Länner Milliounen Tonne vun Iesswuere verbëtzt ginn.
Wann een net just d’Landwirtschaft a Véizuucht, mä och nach déi ganz Kette vun der Alimentatioun kuckt, wier den Impakt op CO2-Emissiounen a Ressourcëverbrauch bei 30%, wat enorm wier. Déi ambitiéis Strategie, déi sech d’EU ginn huet fir eng méi nohalteg Produktioun, wier richteg, mee se misst och ëmgesat ginn, bei der Reduktioun vu Pestiziden an dem Erëmaféiere vu Glyphosat hätt Europa kloer versot. De Baueren hätt ee scho viru Jore bei der Ëmstellung hëllefe sollen an et géifen Alternative ginn. Et wier och net dem eenzele Bierger seng Verantwortung eleng, fir sech gesond ze ernieren, och dat wier d’Roll vum Staat, deen hätt Hiewelen net ze läscht och iwwert Steieren an de Präis fir dofir ze suergen, dass Mënschen net krank ginn, well se schlecht iessen. Iesswueren a Kache missten nees en anere Stellewäert kréien an dobäi bei de Klengen an de Schoulen ufänken.