Tomaten a Concomberen zum Beispill profitéieren nawell vu waarmen Temperaturen a vill Sonn. Vill aner Kulture di sech bei enormer Hëtzt um Feld oder am Gaart méi schwéier. E Geméisproduzent vu Stengefort erkläert, wéi ee mat enger anerer Aart vu Buedembewirtschaftung d'Fiichtegkeet am Buedem besser hale kann. An hien huet och Rotschléi fir Hobbygäertner, wat d'Bewässerung vu Planzen ubelaangt.
Ma och um Maart ass d'Hëtzt eng Erausfuerderung: Händler setzen op verschidde Mesuren, fir Uebst a Geméis de ganzen Dag iwwer frësch ze halen.
Fir de Geméisproduzent sinn et iwwregens net nëmmen d'Sonn an d'Hëtzt, déi Suerge maachen. Ëmmer méi extrem Donnerwiederen a Knëppelsteng géife fir d'Landwirtschaft eng nach méi grouss Gefor duerstellen.