Sozialwalen Deel 1Wéi lafe se of a wat maachen d'Salariatskummer an d'Personaldelegéiert?

Mariette Zenners
Kevin Kayser
Am Punkt fir Punkt erkläre mer iech déi wichtegst Eckdate vun de Sozialwalen, déi den 12. Mäerz zu Lëtzebuerg sinn.
Punkt-fir-Punkt: Sozialwalen
Am Punkt fir Punkt erkläre mer iech déi wichtegst Eckdate vun de Sozialwalen, déi den 12. Mäerz zu Lëtzebuerg sinn.

Den 12. Mäerz si Sozialwalen. Vläicht krut der jo och schonn eng Enveloppe heemgeschéckt, fir äre Stëmme fir d'Vertrieder vun der Chambre des salariés ofzeginn. Dat ass deen een Deel vun dëse Walen, déi all 5 Joer sinn.

© RTL-Grafik

Deen zweeten Deel sinn d'Wale fir d'Personaldelegatiounen an de Betriber.

Wéi lafen dës Wale praktesch of, wat sinn d'Aufgabe vun der Salariatskummer, wat musse Personaldelegéiert maachen a wie ka sech opsetzen?

D'Erklärungen am Video vum Punkt fir Punkt iwwert d'Sozialwalen.

Back to Top
CIM LOGO