
China ass ee wichtegen ekonomesche Player, an ass och fir de Westen e wichtege Partner. Ausserpolitesch gëtt et awer och vill Froen, wou d’Volleksrepublik an de Weste wäit auserneen leien: De Krich an der Ukrain oder och de Konflikt tëscht China an Taiwan.
Thema vun dësem Artikel ass niewent China och de Konflikt tëscht Israel a Palestina, dee scho Joerzéngten unhält an nach ëmmer net zu enger friddlecher an dauerhafter Léisung komm ass.
Am Virfeld vun de Chamberwale wollte mir dowéinst vun de Lëtzebuerger Parteie méi iwwert hir Positioun zu China an dem Konflikt am Noen Osten wëssen. Wéi gesäit d’Relatioun mat China an Zukunft fir d’Parteien aus a wéi positionéiert ee sech als EU, respektiv Lëtzebuerg bei der Fro vum Israel-Palestina-Konflikt?
Fir d’LSAP huet sech an der Weltpolitik sou munches geännert. An der EU wier vun “De-risking vis-à-vis vu China” rieds. Europäesch Infrastrukturen an d’Ekonomie an der EU misste manner ofhängeg vu China sinn, zäitgläich misst ee weider oppe si fir Relatioune mam Land, also ouni en “De-coupling.” Dëse Spagat hätt ee bis elo hikritt, d’LSAP wéilt och gären esou weiderfueren. Ënnert anerem beim Dossier “Mënscherechter” wier ee kloer net op enger Linn. D’Verletzunge géint d’Mënscherechter am Land wäerte mat der LSAP weider ugeschwat ginn. Wat Taiwan betrëfft, géif ee bei enger militärescher Eskalatioun just Verléierer gesinn an un enger “One China Policy” festhalen. China misst dann och säin Afloss géintiwwer Russland spille loossen, fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen an net, fir den Aggresseur Russland z’ënnerstëtzen. Eng Partnerschaft mam Land am Hibléck op de Kampf géint de Klimawandel an de Verloscht vun der Biodiversitéit, wier eng kruzial-wichteg Basis. Grouss Problemer kéinten nëmmen zesumme mat China geléist ginn.
Änlech wéi fir eng Rei aner Partien, ginn et och fir déi Gréng zwou Säite vun der Medail. China, eng grouss Militär- a Wirtschaftsmuecht, wier souwuel Partner, wéi awer och Konkurrent fir d’Länner an der EU a soumat och fir Lëtzebuerg. Eng richteg Wirtschaftspolitik wier de Schlëssel, fir déi industriell Produktioun an Europa kënnen ze halen. Fir déi global Ziler am Klimaschutz z’erreechen, kéim een net laanscht eng Partnerschaft mat China, dat awer am “Dialog op Aenhéicht an am géigesäitege Respekt.” A wichtege Beräicher wéi der Ekonomie oder der Technologie dierft ee sech net komplett ofhängeg an erpressbar maachen. Déi Gréng si fir eng China-Politik, déi op Prinzippie wéi Mënscherechter an Ëmweltschutz berout.
Vun engem “wichtegen Handelspartner a kruziale geopoliteschen Acteur” schwätzt d’DP mat Bléck op China. Et misst een evitéieren, dass sech China weider a Richtung Russland orientéiert, dat wou haut de Multilateralismus ëmmer méi géif hannerfrot ginn. D’Partei hält weiderhin un enger Zesummenaarbecht mam Land, allerdéngs dierften d’Mënscherechter heibäi net op der Streck leie bleiwen. D’Schwéierpunkte gesäit d’DP op der “Diplomatie an dem konstruktiven Dialog”, sou wéi de liberale Valeure an dem fairen Handel. Ouni China kéint een och Challengen wéi de Klimawandel net packen.
Fir d’CSV géif een eng gutt Relatioun mat China ustriewen, op der anerer Säit wier et e “systematesche Rival vun Europa an dem Weste”. Et misst ee China als zentral Muecht am asiateschen a pazifesche Raum ugesinn, ma awer Lektiounen aus dem Konflikt mat Russland a de rezente politeschen Decisioune vum President Xi zéien. Et wéilt ee “keng Konfrontatioun an och kee Kale Krich mat China”. Allerdéngs ginn et fir d’CSV kloer “rout Linnen”, fir net an eng Ofhängegkeet ze geroden a Valeure wéi Demokratie a Mënscherechter ze stäerken.
D’Pirate weisen drop hin, dass China keng Sanktioune géint Russland oder Nordkorea géif akzeptéieren, an dass d’Land ëmmer méi een aggressiivt Verhale géigeniwwer Taiwan an den Uigure géif weisen. D’Relatioun mat China kéint dohier net sou weidergefuer ginn, wéi bis ewell. D’Ofhängegkeet a Beräicher wéi der Chip-Industrie, der Medikamenter- a Masken-Hierstellung oder der Hierstellung vu Solar-Panneaue misste méi ugestrieft ginn, fir sou eng besser Verhandlungsbasis a Saachen Aussepolitik a Mënscherechter ze hunn. Am Beräich vun der Betribsspionage dierft ee keen onnéidege Risk agoen.
Fir d’ADR ass China e wichtege Partner an et wéilt een, wéi mat all anerem Land eng “intensiv a frëndschaftlech Relatioun” fleegen. Dëst géif fir de ganze pazifesche Raum gëllen, fir deen d’ADR eng friddlech Politik proposéiert, déi “hëllefe kann, Konfliktpunkten opzeléisen.” D’Relatioune mat Taiwan sollen am deem Sënn ausgebaut ginn.
Fir déi Lénk muss d’Relatioun mat China op de Kärpunkten “Dialog” a “Kooperatioun” berouen. All aner Strategie géif der Partei no an eng “geféierlech Sakgaass” féieren.
China wier Fokus no “kee Frënd, mee ee weltpolitesche Géigner.” Determinatioun a Respekt wieren hei déi Elementer, mat deenen ee China konfrontéiere misst. Wirtschaftlech misst Europa op Reciprocitéit setzen. China dierft och keng Roll beim Schafe vum 5G-Netz an der EU kréien. Europa misst sech der Partei no méi Respekt beim Wirtschaftsgigant verschafen, fir selwer eescht geholl ze ginn.
Eng ekonomesch Relatioun mat China gëtt als wichteg bezeechent, ma eng politesch Relatioun mam Kommunismus kéim fir déi Konservativ net a Fro. D’Partei gëtt och ze bedenken, dass China e Land wier, an deem d’Mënscherechter, d’Demokratie an d’Fräiheet net respektéiert géife ginn.
D’KPL gesäit Bezéiunge mat China op Basis vu Fridden Zesummenaarbecht, dat ouni, dass sech awer vu baussen an d’Land selwer agemëscht gëtt.
Volt vertrëtt d’Meenung, dass d’EU d’Strategie mat China misst iwwerdenken. Suerge mécht d’Partei sech a Relatioun mat China virun allem ëm d’Schwéierpunkte “Mënscherechter”, “Demokratie an Hongkong”, “Mëssbrauch am Tibet”, “Rechter vun den Uiguren” a “5G-Problematik”. Diplomatesch Erklärunge géife Volt net méi duergoen. D’EU misst China an Taiwan onofhängeg vuneneen unerkennen, also fort vun enger “One-China-Politik” an domadder déi “chineesesch Aussepolitik erausfuerderen”. D’EU misst weider hir Presenz an Asie verstäerken, fir esou der chineesescher Dominanz entgéintzewierken. Am Kader vu Klimawandel an Handelsgerechtegkeet misst et ënnert anerem eng CO2-Steier op chineeseschen Importer ginn.
Liberté-Fräiheet gesäit d’Relatioun mat China, virun allem am Kontext vum Klimaschutz, als wichteg un.

D’Parteien DP, LSAP, Déi Gréng, Piraten, CSV, ADR, Fokus, Déi Konservativ, Volt a Liberté-Fräiheet si kloer fir eng Zwee-Staate-Léisung. Déi Lénk ënnerstëtzen d’Léisung och, proposéieren awer eng fir si besser Alternativ. Bei der KPL wëll een eng Koexistenz vu béide Länner, ouni Agrëff vu Baussen.
D’LSAP steet voll a ganz hannert enger Zwee-Staate-Léisung op Basis vun de Grenze vun 1967, dëst och an Aklang mat de Positioune vun der UN an der Europäescher Unioun. Friddensverhandlunge missten dowéinst lancéiert ginn, fir esou Grenzen a Parametere fir dës Léisung festzeleeën, dat mat Hëllef vun der internationaler Gemeinschaft.
D’DP betount, dass dës Léisung de “legitimme Fuerderunge vun der israeelescher a palestinensescher Populatioun” gerecht gëtt, an dass dëst e “gerechten an nohaltege Fridde” garantéiere géif.
Déi Gréng sinn der Meenung, dass eng Zwee-Staate-Léisung ëmmer méi schwiereg ëmsetzbar gëtt, och wann een nach ëmmer hannendru steet. E gerechte Fridden op Basis vun de Rechter vu béide Säite wier absolut noutwenneg.
Fir d’CSV kann dës Léisung och just um Verhandlungsdësch, ouni Gewalt an am Respekt vun Demokratie a Rechtsstaat, hir Friichten droen.
D’ADR betount, dass een d’Friddensinitiativen a Verhandlungen am Noen Osten ënnerstëtze géif.
Fir d’Pirate kéint dës Léisung nëmmen hir Friichten droen, wann domadder ugefaange géif, déi vum UN-Sécherheetsrot als illegal agestuufte Siidlungspolitik am Westjordanland op en Enn ze bréngen.
Déi Konservativ stinn dann och kloer hannert dem Existenzrecht vum Staat Israel. Si bezeechnen de Staat als eenzeg Demokratie a modernt Industrieland am Noen Osten.
Déi Lénk ënnerstëtzen eng Zwee-Staate-Léisung, ma dëst wier awer net déi optimaalsten Alternativ.
Fir Fokus ass d’Zwee-Staate-Léisung déi eenzeg Alternativ, e Staat Israel, an deem och Araber eng Zukunft hunn, gesäit ee bei der Partei vum Frank Engel net, och wann et eng Alternativ wier.
Volt ass fir eng Zwee-Staate-Léisung. Dat am Dialog, duerch Verhandlungen an a géigesäiteger Unerkennung. Déi international Communautéit misst hei eng Vermëttlerroll anhuelen.
Och beim Theema Noen Osten, ass ee bei der KPL fir e gerechte Fridden, deen unhale soll. Dat awer ënnert der Viraussetzung, dass d’Selbstbestëmmungsrecht vun alle Parteien am Konflikt respektéiert gëtt an ouni, dass sech vu baussen agemëscht gëtt. D’Beschlëss vun der UNO zu Palestina missten ëmgesat ginn, genee sou beim Réckzuch vun Israel aus den “illegal besaten arabeschen Territoiren”. Sou kéint e souveräne Staat Palestina gegrënnt ginn a mam Staat Israel koexistéieren.
Liberté-Fräiheet betount, dass d’Existenzrecht vun Israel “klipp a kloer vun alle Parteie” misst unerkannt a geschützt ginn.
Besonnesch fir d’LSAP, Déi Gréng, d’DP, d’CSV, d’ADR an déi Konservativ, géif et am Moment keng iwwerzeegend Alternativ zu dëser Léisung ginn.
Fir déi Lénk ass déi beschte Léisung an dësem Konflikt allerdéngs eng ganz aner, nämlech d’Schafe vun engem sougenannte “binationale laizistesche Staat”. Souwuel Biergerinnen a Bierger aus Israel, wéi och aus Palestina, sollen hei gläichberechtegt an a Fridden zesumme liewe kënnen.
Volt ass, trotz dem klore Standpunkt, oppe fir aner konstruktiv Usätz, déi zu enger Léisung bäidroen, soulaang Fridden, Stabilitéit , an d’Grondrechter respektéiert ginn.
D’LSAP betount, et géif ee keng Alternativ gesinn, déi souwuel d’Recht vun de Palestinenser op national Selbstbestëmmung an den Usproch vun Israel op Sécherheet géif matenee verbannen. D’Rechter vu béide Säite misste respektéiert ginn.