Lëtzebuerger EkonomieGrand-Duc Guillaume a Lex Delles weie Logistikzenter a Produktiounshal an

RTL Lëtzebuerg
E Logistikzenter zu Beetebuerg fir komplex Aufgaben an eng Produktiounshal zu Réiden un der Atert mat verduebeltem Rendement sinn en Donneschdeg ageweit ginn.

Zu Beetebuerg an der Zone logistique Eurohub Sud hunn de Grand-Duc Guillaume an de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles den neie paneuropäesche Logistik-Hub vu Vodafone ageweit. Hei ginn d’Gestioun an d’Distributioun vun Ekippementer fir Telefonsreseaue queesch duerch Europa zentraliséiert. Déi modern Infrastruktur dréit dozou bäi, dass d’Resilienz an d’Effikassitéit vun der Liwwerkette vum Grupp verstäerkt ginn. Dass Vodafone Lëtzebuerg fir dee Site ausgewielt huet, weist, dass Lëtzebuerg déi ideal Plaz an Europa ass fir komplex Operatiounen op internationalem Niveau.

Zu Réiden un der Atert war et an der Industriezon Solupla d’Aweiung vun enger neier Produktiounshal vun der Entreprise WAKO, déi spezialiséiert ass op d’Produktioun vu Fënsteren an Dieren aus PVC. Mat dësem Investissement kënnen d’Produktioun moderniséiert an nei Technologien integréiert ginn, déi eng Verdueblung vun der Produktioun erméiglechen, fir sou weider kompetitiv ze bleiwen um Marché.

Back to Top
CIM LOGO