4 Gefierer am CoupEng Persoun bei Accident op der N7 méi schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Um fréie Freideg de Moie koum et tëscht Houschent an der Houschter Déckt zu engem méi schwéieren Accident.
© Domingos Oliveira

Direkt véier Gefierer waren an den Accident géint 6 Auer um Freideg de Moie verwéckelt, dorënner och een Trakter. Geschitt war dësen op der N7 tëscht Houschent an der Houschter Déckt. Ufanks goung nach riets vu sechs Gefierer. Am Laf vum Moien hu Police a CGDIS awer präziséiert, datt dräi Autoen an en Trakter waren. De Leschtgenannte war, wéi eise Jounralist op d’Plaz koum, schonn net méi do.

Schwéieren Accident op der N7
E Freideg um fréie Moie waren sechs Autoen an en Accident verwéckelt, bei deem eng Persoun méi schwéier blesséiert gouf.

Eng Persoun dogéint gouf awer an hirem Auto ageklemmt an huet vun de Rettungsekippe missten erausgeschnidde ginn. Si gouf dann och méi schwéier verwonnt. D’Police preziséiert awer, datt éischten Informatiounen no keng Liewensgefor besteet. De CGDIS huet méi spéit nach matgedeelt, datt 5 weider Persoune blesséiert goufen. Wéi schwéier, präziséiere si net.

Den Impakt op den Trafic konnt awer zum gréissten Deel ofgefaange ginn, well op der Plaz d’Méiglechkeet bestanen huet, fir séier eng Deviatioun anzeriichten. D’Autoe goufen iwwer d’Feldweeër ronderëm d’N7 ëmgeleet. D’Streck war wéinst den Rettungs- an Opraumaarbechte bis kuerz virun 9 Auer gespaart.

Op der Plaz waren nieft de Policepatrullen och d’Rettungsekippen vun Housen, Weiler a Pëtschent esou wéi hir Kolleegen aus der Nordstad an Housen op de Plaz. Och de Samu vun Ettelbréck war am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO