CGDISDräi Blesséierter no dräi Kollisiounen uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt e Freideg direkt dräi Kollisiounen uechter d'Land mat insgesamt dräi Blesséierten.
© Jeannot Ries

Um 11.25 Auer e Freideg koum et zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto, bei där eng Persoun blesséiert gouf. Den Accident ass um Boulevard Kennedy zu Nidderkäerjeng geschitt, d’Sekuriste vu Käerjeng, Suessem an Déifferdeng waren op der Plaz.

Kuerz no 16 Auer sinn op der Rue Geespelt zu Léiweng e Bus an e Moto anenee gerannt, eng Persoun ass dobäi zu Schued komm. Hei waren d’Ekippe vum Réiserbann a vu Beetebuerg am Asaz.

Eng weider Persoun gouf blesséiert, wéi um RN02 tëscht Bous a Réimech en Auto an e Moto kollidéiert sinn. Betreit gouf d’Affer vun de Sekuriste vu Réimech an aus der Stad Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO