Leitbild fir d'NordstadWéi sinn d'Pläng bis 2035? A 5 Informatiounsversammlunge ginn et Infoen

RTL Lëtzebuerg
Zu Dikrech war um Méindeg den Owend den Optakt vun am ganze 5 Informatiounsversammlungen iwwert d’Leitbild Nordstad mam Horizont vun 2035.
Leitbild fir d'Nordstad
Zu Dikrech ass um Méindeg den Owend den Optakt vun am ganze 5 Informatiounsversammlungen iwwert d’Leitbild Nordstad mam Horizont vun 2035.

D'Nordstad - dat sinn d'Gemengen Ettelbréck, Schieren, Dikrech, Bettenduerf an Ierpeldeng Sauer. Fir d'Nordstadkonzept weider ze entwéckelen an hire Gemengen eng gemeinsam Identitéit ze ginn, goufen d'Bierger agebonnen. An Ëmfroe koum ënner anerem eraus, datt ëffentlechen Transport a Vëlosweeër misste verbessert ginn, et ze vill staue géif. An den Uertschaften un abordabelem Wunnraum an u Gréngs feelt. D'Natur wier e wichtegen Identitéitsstëfter.

D'Mobilitéitskonzept fir d'Nordstad 2035 dréit dësen Ureegunge Rechnung. D'Bierger sollen u Liewensqualitéit gewannen. Deemno soll de Verkéier aus de Stied an Dierfer eraus verluecht ginn.

E puer Beispiller: D'Nordstrooss soll bis op de Fridhaff véier-spuereg ausgebaut ginn. Vun Ettelbréck op Waarken a laanscht Dikrech sollen zwee sougenannt Contournement de proximité gebaut ginn. Déi d'Uertschafte matenee verbannen, ouni datt de Verkéier doduerch fiert.

Zu Angelduerf soll d'Eisebunn op den Hang vum Goldknapp verréckelt ginn. Aplaz kéim Gréngs mat Vëlosweeër.

Och tëscht Dikrech an Ettelbréck sollen déi Haut 35 Meter breet Macadams-Sträif an d'Eisebunn verluecht ginn. Et setzt ee verstäerkt op Schinn a Bus. An och e Vëlo-Expresswee soll eng Alternativ bidden. 7 Schlëssel-Elementer, e weidert Puzzelstéck vun der Visioun Nordstad 2035.

Déi éischt Reunioun ass um 19 Auer e Méindeg den Owend an der Aler Seeërei, a fir derbäi ze sinn, muss ee sech am Virfeld um Site transports.lu umellen, oder et suivéiert een dat Ganzt op deem Site via Livestream.

Back to Top
CIM LOGO