Nogefrot bei Ministère an UniWéi verlount ee seng Wunneng un ee Student?

RTL Lëtzebuerg
D'Demande ass grouss, d'Offer ass kleng: Wéi gesäit et awer hei am Land aus, wann een als Proprietär seng Wunneng un ee Student verloune wëll?
© AFP (Archiv)

Ënnert eisem Reportage “750-1.400€ fir eng Studentewunneng si mëttlerweil quasi normal” goufe mir duerch ee Komentar dorobber opmierksam gemaach, dass et wuel net nëmmen schwiereg wier, als Student eng Wunneng ze fannen, mä och als Proprietär sou eng ze vermëttelen.

Mangel un Informatiounen

Et feelt un Informatiounen a Méiglechkeeten, seng Proprietéit als Privatpersoun un den Marché ze bréngen, sou den Kommentar. Et wënscht ee sech ee Service, deen tëschent den Proprietären an den Studenten vermëttelt. Quasi onméiglech wier et, un een ze kommen, och d’Email-Adresse wieren dacks net méi gülteg. Dobäi géif et heeschen, falls een dann mol un een kënnt, et wier net méiglech, entweeder wéinst geographeschen oder aneren Grënn, d’Proprietéit weiderzevermëttelen.

Op Nofro vun RTL konnt den Héichschoulministère eis just matdeelen, dass ee sech direkt un eng Agence Immobilière wenden oder fir d’éischt mat der Uni.lu a Kontakt trieden soll.

Och vun der Uni.lu krute mir da matgedeelt, dass een eng Agence kontaktéiere soll. Eng aner Optioun wier et, eng Ufro un d’Uni selwer mat enger Demande un de Service de logistique, ënnert der Nummer +352 46 66 44 1 ze maachen. Déi géife dann analyséieren, ob d’Proprietéit hire Ufuerderungen entsprécht, dat a puncto Sécherheet, Accès un den Ëffentlechen Transport, a sou weider.

Nei Initiativ vun dräi Studenten

Eng relativ néi an innovative Optioun ass eng Initiative mam Numm WeConnect. Dës Initiativ gouf dat lescht Joer vun dräi Studenten an d’Liewe geruff. Mat Hëllef vun intergenerationellem Echange sollt een als Student eng bezuelbar Kummer an enger Wunngemeinschaft mat engem méi eelere Matbierger fannen. Op hirem Internetsite beschreiwe si d’Initiative an hiren eegene Wieder:

Tatsächlich ist es unser Ziel, auf der einen Seite jungen Menschen zu helfen, eine bezahlbare Wohnung auf einem Immobilienmarkt zu finden, auf dem die Mieten immer schwieriger zu bezahlen sind. Und auf der anderen Seite möchten wir einsamen Menschen, egal ob jung oder alt, dabei helfen, sich vielleicht weniger einsam zu fühlen.

Zwou Optiounen, awer wéineg innovativ Méiglechkeeten

Falls een seng Wunneng also spezifesch u Studente verlounen wëll, huet een zwou Optiounen. Entweeder et vermëttelt ee seng Proprietéit ganz klassesch iwwert eng Agence, oder et hofft een, dass se d’Critère vun der Uni.lu erfëllt. Anescht wéi am Ausland feelt et hei am Land also nach un innovative Méiglechkeeten, seng Wunneng un de Student ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO