Net méiglech, Daten ofzegläichenWéi vill Kannerdoktere gëtt et zu Lëtzebuerg? Santé weess et selwer net genee

Claude Zeimetz
Et héiert een ëmmer rëm, wéi schwéier et ass, fir zäitweis mat sengem kranke Kand bei engem Pediater bäizekommen.
© RTL-Archiv / Luc Rollmann

Verschidde Kannerdoktere géife carrement keng nei Patiente méi unhuelen. Derbäi kommen dacks laang Waardezäit an den Urgencë vun der Kannerklinik.

Zuele Pediateren/Reportage Claude Zeimetz

Pediatere gehéieren hei am Land zu deene Spezialisatiounen, déi am mannsten attraktiv sinn. Op d’Fro, wéi vill Kannerdoktere reell um Terrain exerzéieren, ass et awer onméiglech eng kloer Äntwert vun der Santé ze kréien.

Dobäi hat den Dokter Serge Allard, de President vun der Societéit vun de Kannerdokteren zu Lëtzebuerg am Dezember bei eis op der Antenn ganz kloer Wierder fonnt:

“Mir hunn net genuch Pediateren, ganz kloer net. An déi, déi do sinn, si wéi ech schonn am Alter, wou se un d’Pensioun denken. An ech mengen, datt net vill Jonker de Beruff ergräifen. An et muss een och soen, datt d’Populatioun immens an d’Luucht geet”.

Um Terrain gëtt scho méi laang e chronesche Manktem an der Spezialisatioun festgestallt. E Manktem, deem een also beschtefalls misst mat geziilte Mesuren entgéintwierken. Ëmmerhin ass d’Spezialisatioun vum Pediater grad wéi beispillsweis Psychiateren eleng aus finanziellen Ursaache manner attraktiv wéi aner Felder.

Lëscht am Registre professionnel gëtt keen Iwwerbléck iwwert reell Zuelen

Wéi vill Kannerdokteren awer reell den Ablack feelen, fir eng adequat Versuergung vun de Kanner ze garantéieren, dat ka souguer de Santésministère selwer net soen. De Ministère wéisst eegenen Aussoen no net, ob all Pediater, deen am sougenannte Registre professionnel opgelëscht ass, iwwerhaapt nach aktiv schafft, kréie mer op Nofro hin gesot. Doktere géifen hiren “Droit d’exercer” nämlech op d’Liewen ausgestallt kréien, erkläert d’Santé. En Dokter gëtt deemno sou laang als aktive Medezinner opgefouert, sou laang e selwer net eng Demande mécht, fir seng Autorisatioun ewechgeholl ze kréien. Fir méi e geneeën Abléck ze hunn, misst een d’Donnéeë vum Ministère mat deene vun der CNS ofgläichen. Déi Méiglechkeet hätt een awer net, heescht et, ouni weider Erklärung, op d’Nofro vun RTL.

Derbäi kënnt, datt d’Zuele vum Ministère selwer souguer ausernee leien. Den 22. Dezember huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun 137 Pediatere geschwat, déi deen Ament zu Lëtzebuerg exerzéiere géifen. RTL géintiwwer schreift de Ministère vun 127 Pediateren, déi zejoert geschafft hätten.

No der Publikatioun vun eisem Artikel huet de Santésministère e Mëttwoch am Nomëtteg präziséiert, d’Differenz kéim dohier, datt bei den 137 Pediateren och déi derbäi sinn, déi administrativ schaffen an an der Recherche aktiv sinn. 127 wieren déi, déi um Patient schaffen.

D’Societéit vun de Pediatere selwer lëscht iwwerdeems grad mol 75 Pediateren op hirem Internetsite op. Op eng Äntwert op d’Fro, wéi een dës grouss Diskrepanz erkläre kéint, waarde mer bis haut.

Vu Baussen ass et deemno esou ganz schwéier, fir e geneeën Iwwerbléck ze hunn. D’Fro stellt sech awer och, wéi e Ministère op Basis vu sou onkompletten Daten eng Zukunftsstrategie fir eng besser Gesondheetsversuergung erstelle wëll. Eng Strategie, déi jo awer néideg ass, wann ee gesäit, wéi d’Kannerdokteren um Terrain elo scho struewelen. Déi lescht Bronchiolite-Vague am Wanter huet dat gewisen.

Eltere mat kranke Kanner sinn dacks och mat der Fro konfrontéiert, wou se hiert Kand am beschte bei engem Noutfall behandele loossen. Dem Gesondheetsministère kënne Kanner am Prinzip an all Urgenceservice vum Land, dee Garde huet, opgeholl ginn. Jee no Urgence, kann et deen Ament awer virkommen, datt se dann awer mussen an d’Kannerklinik transferéiert musse ginn. Dat ass de Fall, wann de jonke Patient op enger internationaler Urgenceskala (“échelle canadienne de tri”) tëscht 3 an 1 klasséiert gëtt. Kanner, déi an d’Kategorië 4 a 5 falen, géifen am Prinzip an der Urgence vun all Spidol behandelt ginn, an enker Ofstëmmung mat Pediateren.

D’Kannerklinik am CHL assuréiert 7 Deeg op 7. 24 Stonnen op 24 pediatresch Urgence fir Patienten tëscht 0 a 15 Joer. D’Maison médicale pédiatrique niewendru behandelt déi manner grave Fäll, déi baussent d’Ouvertureszäite vun den Dokteschcabinete falen. Dat heescht, an der Woch tëscht 7 an 22 Auer owes an de Weekend grad wéi d’Feierdeeg vun 9 Auer moies bis 21 Auer owes.

Back to Top
CIM LOGO