
Dat seet eng Etüd, déi rezent vum Logementsministère a vum Ministère fir Landesplanung presentéiert gouf. D‘LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo an Yves Cruchten wollte vum Logementsminister Henri Kox eng Rei Detailer wëssen. An der Äntwert op d‘parlamentaresch Fro schätzt de Minister, datt gutt 400 vun de 5.000 Hektar direkt kéinte bebaut ginn.
Bei der genannter Zuel ginn all d‘Zonen am Plan d‘aménagement général gekuckt. Bei den Habitatiounszone sinn et 265 Hektar. 618 Hektar Baulücke goufen an de concernéierten Zonen identifizéiert. Bei 160 Hektar, bei deenen d‘Propriétairen un engem Developpement oder enger Vente interesséiert sinn, kéinten d‘Gemengen direkt eng Baugeneemegung ginn, sou de grénge Minister Kox. Déi 3.750 Hektar an der Wunnzon an an der Zone mixte wieren net fir ëffentlech Baute virgesinn. Hei léichen 325 Hektar an Zone prett, déi extra dofir virgesi sinn.
Firwat gëtt dat potentiellt Bauland net lo direkt mobiliséiert? Doropper äntwert de Minister, datt et bei 85% vun den Terraine keng juristesch oder physesch Obstakele gëtt. Datt vill privat Proprietären hiert Land net wëlle mobiliséieren, hätt domat ze dinn, datt se den Terrain fir d‘Famill wëllen halen, datt se finanziell ofgeséchert wëlle sinn oder datt se en Investissement dra gesinn a waarden, datt d‘Valeur weider klëmmt.
Et wier wichteg, datt een e gudden Iwwerbléck hätt, sou de Minister. Zu den Outilen, fir eng Mobilisatioun ze acceleréieren, gehéieren den neie Pacte logement, d‘Reform vun der Grondsteier oder nach de sougenannte Baulandvertrag. Bei deene Gemengen, déi hire PAG nach net era gereecht hu ginn dës Analysë méi spéit gemaach, sou nach den Henri Kox.