"Et gëtt keng Zauberformel fir datt d’Tripartite e Succès gëtt, well d’Circonstancë sinn historesch ëmmer ganz anescht. All Tripartite muss nei erfonnt ginn." Dat sot de fréieren Direkter vun der ABBL a fréieren Administrateur délégué vun der UEL, de Jean-Jacques Rommes, am RTL Spezial um Donneschdeg den Owend op der Tëlee.
"Et ass een all Kéiers an enger anerer Zäit", seet och de fréieren OGBL-President a Vizepresident vun der Salariatskammer, de Jean-Claude Reding. Och wann ee méiglecherweis déi selwecht Theme géif erëm fannen, géife sech aner Froe stellen.
Eisen Invitéen ass awer och opgefall, datt et - wéi de Jean-Jacques Rommes seet - an der Vergaangenheet heiansdo méi einfach war, e Konsens ze fannen, wéi an deene leschte Joren. Dat hätt een 2004 scho gemierkt.
"Do huet ugefaangen, eppes am Gebälk net méi esou richteg ze funktionéieren an dono war et laang schwéier. 2010 war den Echec iwwert d’Indexatioun, well d’Indexatioun ëmmer als dat gekuckt ginn ass, wat der Kompetitivitéit vun den Entreprise géif e Coup versetzen. Dono gouf et kee Konsens méi. Do war et da schwéier, sech nees erëm ze fannen."
Et ass dono effektiv méi schwéier ginn, sech iwwert d’Analys vun der ekonomescher Situatioun eens ze ginn, heescht et och vum fréieren OGBL-President an aktuelle Vizepresident vun der Salariatskummer. Un engem Grondgedanke muss een dem Jean-Claude Reding no awer festhalen.
"Wann ee kee soziale Fridden a sengem Betrib oder an der Ekonomie huet, wann een net an d’Leit investéiert, wann d’Leit net d’Gefill hunn, datt se richteg behandelt ginn a richteg entlount gi fir hir Aarbecht, da geet d’Ekonomie och net gutt."
Wann ee sech als Partner wëll eens ginn, sinn och déi tëschemënschlech Relatioune wichteg. Et géif op den Toun ukommen, seet de Jean-Claude Reding. Et géif een anescht op enger 1.Mee-Manifestatioun schwätze wéi op enger Tripartite, mä et dierft een ni verletzend ginn.
"Et dierf een net d’Persoun spillen, mä et muss een de Ball spillen. Ech hunn eigentlech ni erlieft, datt d’Persoun gespillt gouf, ech hunn awer d’Impressioun gehat, datt et op eng Kéier esou komm ass. Et ass eppes, wat sech vläicht méi wäit an eiser Gesellschaft entwéckelt huet, net nëmmen an der Politik an a sozialen Ausernanersetzungen. Dat mécht et net méi einfach."
Wann een deen anere géif blesséieren, da géif de Respekt verluer goen a genee dee wier néideg, fir kënne mateneen ze schwätzen. Déi mënschlech Relatioun entsteet am Fong, wann et e permanente Sozialdialog gëtt, esou de Jean-Jacques Rommes a genee dat ass a sengen Aen néideg.
"Mir mussen alleguer verstoen, déi Leit déi do verhandelen, obscho jidderee fest un dat gleeft, wat en do verhandelt, ass et awer e grousst Rollespill. Et ass e ganz ganz groussen Theater virun enger ëffentlecher Bün an et muss een deen aneren, dee vis-à-vis sëtzt, och a sengem Rôle verstoen an et muss een de Mënsch hannendrun och gesinn. Et muss een ëm d’Hand virdrun drécken an duerno wann een ausernee geet an et muss een dat och esou verspieren, dass een do mat deem ka schaffen. Dat geet nëmmen, wann een e méi dacks gesäit, wann ee mat him och mol eng Kéier en Humpe kann huele goen, wann ee bei engem Problem kann uruffen an ëm Hëllef froen."
Wann dat alles net géif funktionéieren, kréich een an enger Tripartite d’Welt och net méi reparéiert, esou de fréieren Administrateur délégué vun der Unioun vun den Entreprisen.
Eis Invitéën: