OGBLWeidere Sozialplang bei Autozouliwwerer Delphi ënnerschriwwen
OGBL mellt e Mëttwoch de Moien, dass beim Autozouliwwerer Delphi Technologies e weidere Sozialplang ënnerschriwwe gouf.
Amplaz 300 Persoune verléieren elo 243 Leit hir Aarbecht. Dës Zuel wier nach ëmmer héich, sou d'Gewerkschaft.
Ma se kéint nach reduzéiert ginn, duerch Preretraiten oder intern Transferten.
PDF: Communiqué OGBL (5.2.2020)