Parlamentaresch FroWéineg gewosst iwwert Indemnitéit fir Vertrieder vum Staat a Verwaltungsréit

François Aulner
Et ass ganz wéineg doriwwer gewosst, wéi vill staatlech Vertrieder a Verwaltungsréit u Jetonen oder Tantieme verdéngen.
© RTL

Aus der Äntwert vum Premier-, Finanz- a Wirtschaftsminister op eng parlamentaresch Fro vum Piratendeputéierte Sven Clement liest ee just eraus, datt d’Vertrieder vum Staat hir Suen direkt kënnen halen.

Et ass en oppent Geheimnis, datt Beamte mat Plazen a Verwaltungsréit souzesoe belount ginn. D’Median-Akommes beim Staat ass zwar duebel esou héich ewéi am Privatsecteur, allerdéngs sinn d’Paie beim Staat uewe limitéiert an am Privaten net. Wa se dat fir näischt géinge maachen, géinge se am Fong mat méi Aarbecht a Responsabilitéit bestrooft ginn.

Am Gesetz steet, datt d’Revenuen – d’émoluments - vu Vertrieder vum Staat a Verwaltungsréit zeréck un de Staat ginn. “Aus praktesche Grënn”, esou d’Ministeren, géing de Regierungsrot decidéieren, datt d’Tantiemen direkt un déi betraffe staatlech Vertrieder am Verwaltungsrot vun der betreffender Firma ausbezuelt ginn, ouni virdrun nach iwwert de Staatsbudget ze transitéieren. Heescht esouvill ewéi engem onnéidegen Hin an Hier aus dem Wee goen.

Et wier eng “Praxis a Prozedur, déi sech iwwert déi lescht 35 Joer (...) etabléiert” hätt. Laut Gesetz vun 1990 iwwert d’Indemnitéiten decidéiert de Regierungsrot oder d’Féierungsorgan vun enger Gesellschaft, wéi vill d’Vertrieder vum Staat kréien.

An hirer Äntwert renseignéieren d’Ministeren net iwwert d’Montanten. Vläicht fir enger Näid-Diskussioun aus dem Wee ze goen. Vläicht awer och, well et immens variéiert oder vill Aarbecht ass, fir et ze compiléieren. Oder well et net ëmmer genee gewosst ass?

60.000 Euro bei Spuerkeess, 160.000 bei ArcelorMittal?

Bei gewëssen Etablissementer war et fir eis onméiglech erauszefannen, wéi vill ee Member vum Verwaltungsrot kritt. Bei anere konnte mer et op d’mannst aschätzen. Et muss een awer scho recherchéieren a bësse rechnen. Um Internetsite vum Tresor public, op deen d’Ministeren an hirer Äntwert och verweisen, fënnt een nieft enger flotter Grafik, déi un eng vu Paperjam virun 9 Joer erënnert, eng Oplëschtung vun all den 145 Etablissements publics a private Gesellschaften, an deenen de Staat Participatiounen huet.

Wuel fënnt een d’Nimm vun de Vertrieder vum Staat – wann et der an de respektive Gesellschafte ginn. Dat sinn haaptsächlech héich oder fréier Beamten, mee och aktiv oder fréier Affekoten oder Banquieren, oder nach Personalitéiten aus der Wirtschaft oder esouguer Kultur.
An enger éischter Versioun hate mir geschriwwen, datt den Ierfgroussherzog Member vun engem Verwaltungsrot gewiescht wier, mee et handelt sech ëm de Brudder vum Grand-Duc Henri, de Prënz Guillaume. Pardon fir de de Mëssel. (D’Fichë schéngen net all aktualiséiert ze sinn.)

Iwwert d’Remuneratioun steet awer näischt do. An de Joresrapporten och net. Am Joresbilan am Handelsregëster kann ee par konter méi Chance hunn. Beim Bilan vun der Spuerkeess zum Beispill steet d’global Depense fir de Verwaltungsrot. Fir néng Memberen, dorënner de Commissaire de surveillance, waren et d’lescht Joer 525.585 Euro. Op de Kapp wieren dat bal 60.000 Euro, quitt datt méiglecherweis de President méi kritt oder d’Opdeelung ënnert all de Memberen ënnerschiddlech ass. D’Remuneratioun vun de Membere vum Verwaltungsrot geschitt engersäits mat Jetone fir d’Presenz bei Reuniounen, an anerersäits mat engem Forfait pro Trimester, liest een dann awer am Joresrapport.

Bei ArcelorMittal ass ee méi generéis: am Joresbilan steet eng Zomm vu bal 1,5 Millioun Euro. Op de Kapp wieren dat dann iwwer 160.000 Euro. Beim Stolkonzern sëtzt de fréieren LSAP-Vizepremier Etienne Schneider am C.A., mee als Independant an net als Vertrieder vum Staat. De Staat huet jo och just nach 1,5 Prozent vun de Parten.

0 Info bei aneren Etablissementer

Déi Montante sinn och brutto, wuel bemierkt. An anere Wieder: et bezilt een dorobber nach Steieren a Cotisatiounen. Um Site vun der Steierverwaltung steet als Beispill: bei engem Tantiem fir e Revenu vun 150.000 Euro brutto d’Joer, dee vun enger Gesellschaft an der Stad Lëtzebuerg ausbezuelt gëtt, wier d’global Steierlaascht iwwer 48 Prozent.

ArcelorMittal oder d’Spuerkeess hunn de Merite, datt een eng global Zomm gewuer gëtt. Bei der Cargolux ass et zum Beispill scho manner kloer a bei enger Rëtsch ëffentlechen Etablissementer hu mir keng Comptes annuels fonnt, a scho guer net, ewéi vill Ausgaben et fir d’Verwaltungsréit gouf.

Back to Top
CIM LOGO