Zënter Enn JanuarWéinst dem héije Peegelstand ass de Schëffsverkéier op der Musel gespaart

RTL Lëtzebuerg
Bis um Samschdeg de Mëtte war de Peegel vun der Musel geklommen. Duerno ass dësen awer licht erofgaangen.
Wéinst dem héije Peegelstand ass de Schëffsverkéier gespaart
Bis um Samschdeg de Mëtte war de Peegel vun der Musel geklommen. Duerno ass dësen awer licht erofgaangen.

Wéinst eben dem héije Waasserstand gouf de Schëffsverkéier op der Musel schonn zënter dem 29. Januar gespaart.

Dowéinst hunn am Mäerter Hafen 4 Frachter missten uleeën. Ënnert anerem ee Stol-Frachter vun enger hollännescher Koppel. Se wollte Stol op Utrecht transportéieren. Aktuell si virun allem Stréimungen e groussen Problem.

Vill Gidder ginn iwwert d’Musel an de Rhein transportéiert. Dowéinst gëlle béid zu wichtege Waasserstroossen. Well keng Schëffer aktuell op der Musel méi fuere kënnen, sinn d’Opträg vun de Schëffer massiv agebrach.

5 Meter 57 goufen zu Réimech erreecht. An de leschte Stonnen ass de Peegel liicht erofgaangen. Den Niveau de préalerte vu 5 Meter 22 soll an der Nuecht op e Sonndeg ënnerschratt ginn. Et rechent een och domadder, datt um Sonndeg de Peegel weider fält.

Aktuell ass net gewosst, wéini de Schëffsverkéier op der Musel nees normal funktionéiert. E weidere Problem ass, datt deen Trafic um Rhein deels gespaart gouf.

An den nächste Stonne sollen och d’Peegele vum Rhein deels liicht erofgoen.

Back to Top
CIM LOGO