
Well d’Spuerkeess hir sougenannt “actifs pondérés” wärend 7 Trimestere falsch berechent huet, krut d’Bank eng administrativ Strof vun der EZB an Héicht vun 3,7 Milliounen Euro.
D’Faite ginn op d’Joren 2017 an 2018 zeréck, wéi d’Spuerkeess dës actifs pondérés falsch berechent hat an duerfir eng manner héich Expositioun fir Risken affichéiert huet, wéi et u sech an der Realitéit de Fall war. Duerfir huet d’EZB dës Sanktioun dekretéiert, déi d’Bank och ugeholl huet.
Wéi et an der Argumentatioun vun der EZB heescht, hätten et Lacunnen am interne Kontroll vun der Bank ginn, sou datt et zu de falsche Berechnunge komm wier.
D’Spuerkeess huet de Feeler ugangs 2019 dann och selwer fonnt a behuewen. Entretemps gouf den interne Kontroll nogebessert. D’BCEE geet net géint d’Sanktioune vun der Europäescher Zentralbank an Appell.