
Wéi de "Lëtzebuerger Bauer" a senger leschter Editioun geschriwwen an de Camille Schroeder, President vun der Bauerenallianz, confirméiert huet, wier de Wëldschued 2019 sou schro wéi nach ni virdrun.
D'Wëllschwäi si grouss Déieren, déi a grousse Rotten ënnerwee sinn, a bei deenen d'Populatioun ëmmer weider an d'Luucht geet, seet de Camille Schroeder.
Et wier problematesch, wann de Bauer vun deem Bëssen, dat et huet, nach en Deel ewechgefriess kritt, well dëst Joer manner gewuess ass wéi an der Vergaangenheet.
De Mais gëtt elo schonn op ville Plaze gehäckselt, fir ze verhënneren, datt nach méi Schued entsteet, obschonn et eigentlech nach net un der Zäit ass. An de Maiskolbe wier nach keng Energie dran, se missten nach fäerdeg zeideg ginn. "Dee Mais, deen elo gehäckselt gëtt, deen ass u sech nëmmen e Minimum wäert, vun deem, wat e misst sinn", sou de President vun der Lëtzebuerger Bauerenallianz.
Vill Betriber kommen net dolaanscht, fir Mais nozekafen, mä dat schléit awer an d'Täsch. Et kann ee mat 1.500 bis 1.600 Euro den Hektar rechnen - ouni Transportkäschten. Fir vill Bauere gëtt et just eng eenzeg Léisung an déi besteet doranner, datt een de Bestand vu Wëllschwäin erëm an de Grëff kritt: "Et huet näischt domat ze dinn, dat d'Wëllschwäin sollen ausgerott ginn. Et ass en Déier, dat an de Bësch gehéiert, mä an deem Ausmooss, wéi et a verschiddene Géigenden ass, dat ass einfach kengem méi zouzemudden", fënnt de Camille Schroeder.
Am "Lëtzebuerger Bauer" war ze liesen, datt de Schued am Norde manner schlëmm wier, well et do méi Jeeër an den Dierfer ginn. Et heescht, dass déi Baueren, déi selwer op d'Juegd ginn, am beschte géingen ewechkommen.
Op enger Plaz, wou e Jeeër oppasst, fir déi ganz Populatioun am Grëff ze halen, ass de Schued manner grouss, wéi op enger Plaz, wou dat bësse méi labber geholl gëtt. De President vun der Lëtzebuerger Bauerenallianz betount, dass et wichteg ass, dass een op d'Juegten an der Ëmgéigend oppasst. Wann d'Juegd an der Mëtt anstänneg gemaach gëtt, awer déi ronderëm d'Populatioun einfach opkomme loossen, da géing den extreme Wuesstum weidergoen. D'Wëllschwäi bleiwe jo net op der selwechter Plaz stoen, mä gi weider. Si ginn e puer Kilometer den Dag, dofir ass a Gemengen, wou d'Populatioun méi staark ass, de Schued och wesentlech méi grouss.
De Schued wier am Zentrum an op der Musel am Gréissten.
Eng Alternativ zum Schéisse gesäit de Camille Schroeder net.
D'Stécker mat engem Zonk zouzemaachen wier en immens groussen Aarbechtsopwand, deen ee kengem zoumudde kéint.