
Et kann ee wuel dovun ausgoen, dass eng Partie vun de meeschtgewielte Vertrieder vu béide Parteie Ministerposten an der nächster Regierung besetze wäerten. Well dës Persounen dann aus der Chamber ausscheeden, dierften eng Partie Leit, déi bei de Walen net genuch Stëmme kruten, an d’Chamber noréckelen. Ma wéi eng Persoune kéinten dat sinn?
Eng éischt Fro, mat där et sech an dësem Kontext ze beschäftege gëllt, ass déi no der Unzuel vu Ministeren, déi déi nei Regierung wäert hunn. Wärend déi aktuell Blo-rout-gréng Regierung 17 Ministeren zielt, kéint dës Zuel bei enger Koalitioun aus CSV an DP op 15 erofgoen. An deem Fall kann een dovun ausgoen, dass d’CSV 9 an d’DP 6 Ministère besetze wäert.
Wa mer elo Mol dovun ausginn, dass déi verschidde Ministeren a Ministesche sech proportionell no der Gréisst vun de Bezierker opdeelen, kéint sech folgend Bild vun der Regierung am domadder och vun der nächster Chamber erginn.
Dovun ausgoend, dass dräi Membere vun der CSV, déi am Süde gewielt sinn, an der neier Regierung vertruede sinn, dierfte mat der Nathalie Morgenthaler, der Françoise Kemp an der Dokter Nadine Schmid dräi Fraen an d’Chamber noréckelen.
Wa mer iwwerdeems unhuelen, dass zwee DP-Memberen aus dem Süden op e Regierungsposte kommen, wieren et och bei de Liberalen zwou Fraen, déi, reng wat den Effektiv vun de Stëmmen ugeet, noréckele missten. Dat wieren engersäits d’Barbara Agostino, déi jo schonn an dëser Legislaturperiod fir de Familljeminister Max Hahn nogeréckelt war an anerersäits déi fréier professionell Tennisspillerin Mandy Minella.
Och am Zentrum gi mer vun dräi Ministerposte fir d’CSV an zwee fir d’DP aus.
An deem Fall géife reng numeresch fir déi Chrëschtsozial de Stater Schäffe Maurice Bauer, de Stater Gemengeconseiller Laurent Mosar an de Walfer Schäffen an CSJ-President Alex Donnersbach noréckelen.
Bei de Liberale wieren de Walfer Gemengeconseiller Guy Arendt an de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt déi nächst op der Lëscht.
Am Norde kéinten zwee CSV- an een DP-Member zu Minister-Éiere kommen. An deem Fall géife bei der CSV den Agraringenieur Jef Boonen an den éischte Schäffe vun Ettelbréck Jean-Paul Schaaf jeeweils e Sëtz um Krautmaart kréien.
Bei der DP wier de Marc Hansen, deen Nächstgewielten.
Am klengste Walbezierk gi mer vu jeeweils engem Regierungsposte fir béid Parteien aus. Gesat dee Fall, géif fir d’CSV d’Buergermeeschtesch vun der Fusiounsgemeng Rouspert-Mompech Stéphanie Weydert noréckelen.
Fir d’DP wier de Lënster Schäffen an aktuellen DP-Fraktiounspresident Gilles Baum och wärend der nächster Legislaturperiod um Krautmaart present.