
Um zweeten Dag no de Wale sinn d’Tréinen gedréchent - fir déi eng vu Freed, déi aner traueren hire Sëtz an dem Pouvoir no. De Formateur Luc Frieden gouf ewell e Méindeg den Owend genannt. Elo kann et also lassgoen - mee wat geschitt elo am Detail a wéi gesäit déi nei Regierung aus? Informatiounen dozou vum Roy Grotz am Gespréich mam Marie Gales.
D’Walen hunn eng däitlech Sprooch geschwat... Roy: Op jiddwer Fall war de Wielerwëllen dës Kéier net eng gréisser Interpretatiounssaach, mee d’Wieler wollte keng Gréng Politiker méi an der Regierungsresponsabilitéit an hunn nees d’CSV mat 21 Sëtz confirméiert. Eng CSV, déi allerdéngs mat 29,2% vun de Stëmmen hire schlechtste Score zanter Joerzéngte realiséiert - mee dës Kéier huet et d’schwaach Performance vun der Dräier-Koalitioun onméiglech gemaach d’CSV eng zweete Kéier ze contournéieren, sou datt d’politesch Logik wollt, datt de Formateur lo Luc Frieden heescht.

Marie: Du sees et. De Luc Frieden, deen no sengem Depart en dach onerwaarte Comeback an d’national Politik gemaach huet, ass lo Formateur an domat net méi CSV-Spëtzekandidat an de Koalitiounsverhandlunge mat der DP.
Roy: Genee - de Luc Frieden gëtt quasi fir d’Negociatiounen seng Parteikaart of a muss als Formateur neutral an der Mëtt sëtzen, fir tëscht de Verhandlungsdelegatioune vun DP an CSV ze vermëttelen. Dës Delegatioune wäerten op all Säit eng Dose Leit zielen. Se ginn ugefouert vum Claude Wiseler fir d’CSV, an dem Xavier Bettel fir d’DP.
Marie: Op enger ganzer Rëtsch Dossieren, wéi a Wirtschafts- a Steierfroen, louchen d’Walprogrammer tëscht Schwaarz a Blo no beieneen. Et ginn awer e puer thematesch Knackpunkten, déi musse geléist ginn.
Roy: An dës wäerte geléist ginn - e puer méi intensiv Debatte ginn et sécher ëm eng effikass Logements- a Landesplanungspolitik, ëm d’Familljepolitik mat de gratis Crèche-Plazen an de Gemengen, ëm d’Ausriichte vun der Gesondheetspolitik, Migratiouns- an Integratiounsfroen, d’Sécurité Sociale mam Pensiounssystem, d’Aarbechtspolitik oder natierlech och den éiwege Chantier “Educatioun”.
Marie: Dat ass lo e gutt Stéchwuert. Educatioun an all déi aner Domainer - duerfir ginn et jo spezifesch Ministèren an un der Spëtzt d’Ministeren - bleift do alles sou opgedeelt, wéi bis ewell?
Roy: Nee, dat ass sech net ze denken. 17 Ministere goufen et bei Blo-Rout-Gréng. Beim Schwaarz-Bloe-Mariage kéint et sinn, datt mer nees bei enger Regierung vu 15 Ministere wieren: 9 fir d’CSV, 6 fir d’DP. Woubäi elo ewell kloer ass, datt Ressorten anescht wäerte gestéckelt ginn. Zum Beispill kéint de Ministère vun der Mobilitéit, bannenzeger Sécherheet an der Defense, deen de François Bausch hat, ausernee geholl ginn.
Marie: Da geet also d’politescht Puzzle-Spill un. Dat heescht, dass dat wat ëmmer gesot gëtt “fir d’éischt de Programm, dann d’Käpp drop” net ganz stëmmt.
Roy: JEIN - kloer, dass fir d’éischt thematesch elo an Aarbechtsgruppe matenee geschwat gëtt, wéi ambitiéis da soll de Koalitiounsaccord sinn. Duerno gëtt festgeluecht, wéi eng Partei wéi eng Ressorte kritt an da kommen d’Käpp - mee natierlech ginn et ewell e puer Personalien, déi mer net contournéiere kënnen.
Marie:Frieden a Bettel si jo mol gesat als Staatsminister a Vize-Premier - ech denken, dass och am Zentrum soss d’Beschtgewielt zum Zuch kommen?
Roy: Wann och natierlech net all: bei der CSV dierften nach d’Elisabeth Margue an de Serge Wilmes zu Minister-Éiere kommen - woubäi natierlech och de Pol Galles justifiéiert Hoffnungen huet, de soziale Volet ze vertrieden.
Och fir de Claude Wiseler muss eng Charge fonnt ginn - wann net Minister, kéint dat de Fraktiounschef, de Chamberpresident oder den EU-Kommissär sinn.
D’DP hëlt d’Yuriko Backes mat, wann och net méi mam Portefeuille vun de Finanzen.

Roy: Nee. Ech denken och, dass d’CSV d’Finanze revendiquéiert, déi de Gilles Roth als Minister iwwerhëlt, grad wéi d’Justiz, déi fir de Léon Gloden dierft sinn. Soss nach personell sécher gesat schéngen den Escher Buergermeeschter Georges Mischo an d’Martine Hansen.

An dann ass et eriwwer mat de Sécherheeten.
Wéi ee Poste kritt de Christophe Hansen, dee säi Stull als EU-Deputéierte wäert opginn?
Revendiquéiert den Drëttgewielten am Süden an Ex-Minister Michel Wolter net de Superministère Intérieur plus Logement oder Landesplanung fir sech?

Muss de Marc Spautz net awer de soziale Flillek stäipen oder gëtt hien d’haart Stëmm vum Fraktiounschef?
Wat kréien d’Nancy Arendt an de Felix Eischen?
Egalwéi kritt och dës Regierung nees e Probleem, genuch Ministeschen ze fannen, well bis ewell ziele mir der an eisem Zenario eréischt dräi.
Marie: Spannend alles Roy, mee do schéngt mer hannert de Kulissen also nach sou munches lo lass ze sinn.Roy: Natierlech, well all déi Personnagen, déi ech lo an der Hypothees genannt hunn, wäerten natierlech alles maachen, fir sech a Positioun ze bréngen an duerzestellen, datt kee Wee laanscht si an d’Walresultat féiert, sou wéi nach e Méindeg bei eis op der Antenn den Dokter Gérard Schockmel, dee sech duerchaus potentiell als Santésminister gesäit. Woubäi mol nach net gewosst ass, ob de Ministère zu Hamm iwwerhaapt liberal wäert gefouert ginn.

Dobäi kënnt datt d’CSV an d’DP duerchaus nach kéinten op extern, net-gewielt Experten zeréckgräifen, wéi z.B. fir den Domaine vun der Energie, vun der Transition énergétique... dat mam gemixten CSV-DP-Slogan “Méi no bei Dir ass Zäit fir eng NEI Politik”.
Marie: Merci Roy fir d’Explikatiounen - an ewell e Mëttwoch kéinten d’Verhandlungsdelegatioune vun CSV an DP eng éischte Kéier beienee kommen, fir den Timing vun dësen Negociatiounen ze fixéieren.