Wann déi nei Regierung bis vereedegt assWie kéint an d'Chamber noréckelen?

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend hunn esouwuel d'CSV ewéi och d'DP hir Kandidate fir déi verschidde Ministerposten offiziell presentéiert.
© Didier Weber / RTL

15 sinn et der un der Zuel. Déi meescht ënnert hinne waren och Kandidaten op de Lëschte vun hirer jeeweileger Partei. Deementspriechend mussen aner Kandidate fir si an d’Chamber noréckelen. Mir hunn eis ugekuckt, wien - reng vun de Stëmmen hier - géif fir e Sëtz um Krautmaart a Fro kommen.

Bezierk Zentrum

Aus dem Zentrum huelen nieft dem Luc Frieden als Staatsminister, nach d’Elisabeth Margue als Justizministesch, déi och de Ressort vun der Immigratioun wäert leeden, an de Serge Wilmes als neie Minister fir d’Ëmwelt a fir d’Fonction publique op der Regierungsbänk Plaz. Wann ee sech eleng op d’Stëmme baséiert, géifen hei de Stater Schäffe Maurice Bauer, de Stater Gemengeconseiller Laurent Mosar an den CSJ-Nationalpresident an zweete Walfer Schäffen Alex Donnersbach noréckelen.

Bei der DP sinn de Xavier Bettel als Ausseminister, deen och de Commerce extérieur an d’Groussregioun wäert ënnert sech hunn, an d’Yuriko Backes, déi fir d’Verdeedegung, d’Mobilitéit, d’Gläichstellung an d’Travaux publics wäert responsabel sinn, Deel vun der Regierung. Déi Nächstgewielte sinn hei de Walfer Gemengeconseiller Guy Arendt an de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt.
Donieft gëtt d’Doktesch Stéphanie Obertin nei Ministesch fir Recherche an d’Héichschoul a fir d’Digitaliséierung. Well si als 11. op der DP-Lëscht am Zentrum kee Sëtz an der Chamber krut, wäert fir si och keen op de Krautmaart noréckelen.

Bezierk Süden

Vun den CSV-Regierungsmembere kommen der zwee aus dem Süden. Dat sinn de Gilles Roth an de Georges Mischo. Si iwwerhuelen d’Ressorte vun de Finanzen, respektiv vun der Aarbecht a vum Sport. Déi éischt Kandidatinnen, fir nozeréckelen, sinn hei d’Suessemer Schäffin an Direktesch vum CET Nathalie Morgenthaler an d’Diddelenger Gemengeconseillère Françoise Kemp.

Déi zukünfteg Ministesch fir d’Santé a fir d’Securité sociale Martine Deprez war 2009 op der Südlëscht vun der CSV an d’Wale gaangen. Well si dëst Joer net kandidéiert hat, wäert deementspriechend och kee si um Krautmaart ersetzen.

Bei de Liberale kritt de Max Hahn nieft de Ressorte Famill och d’Responsabilitéit iwwert den Accueil an de Claude Meisch wäert nieft der Educatioun och fir de Logement an den Amenagement du territoire zoustänneg sinn. Fir si géifen d’Péitenger Gemengeconseillère Barbara Agostino an déi fréier professionell Tennisspillerin Mandy Minella op de Krautmaart noréckelen.

Bezierk Norden

D’Presidentin vun der CSV Nord-Fraktioun Martine Hansen iwwerhëlt den Domän vun der Landwirtschaft a vum Konsumenteschutz. Hei dierft den Agrar-Ingenieur a Bauer Jeff Boonen an d’Parlament noréckelen.

Bei der DP gëtt de Schierener Buergermeeschter Eric Thill neie Kulturminister an delegéierte Minister fir Tourismus. Vue dass hien et selwer net an d’Chamber gepackt hat, wäert hei och kee Kandidat noréckelen.

Bezierk Osten

Aus dem Bezierk Osten gëtt de Léon Gloden vun der CSV neie Police- an Inneminister. Fir hie misst d’Buergermeeschtesch vun der Fusiounsgemeng Rouspert-Mompech an CSV-Generalsekretärin Stéphanie Weydert noréckelen.

De Lex Delles kritt iwwerdeems d’Responsabilitéit iwwer d’Dossieren Ekonomie an Energie an Tourismus. Éischten an der Lëscht, fir hien um Krautmaart ze ersetzen, ass de Lënster Schäffe Gilles Baum.

Back to Top
CIM LOGO