
De Virfall geet zréck op den 3. Mäerz 2025, wéi e Portmonni geklaut gi war. Duerno hat d’Fra op de Biller versicht, am Beräich vun der Stater Gare op zwee verschiddenen Automate Geld opzehiewen.
Wien d’Persoun identifizéieren, oder soss Informatioune liwwere kann, ass gebieden, sech bei der Police ze mellen op der Telefonsnummer (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu
