Resolutioun an der ChamberWien ass fir eng Mandat-Trennung a wien dogéint?

Claudia Kollwelter
Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser wollt am Kader vun enger Resolutioun an der Chamber vun den anere Parteie wëssen, wéi si zu duebele Mandater stinn.
© RTL Archiv

D’Resolutioun gouf en Dënschdeg awer ofgeleeënt a vill vun den Deputéierten hunn argumentéiert, d’Äntwert wier net sou einfach.

Chamber-Resolutioun: Duebel Mandater / Reportage Claudia Kollwelter

Et wier e staarkt politesch Zeechen an dësem Superwaljoer sech zu där Fro ze positionéieren, huet de Fernand Kartheiser betount. Fir hie wier et kloer, datt een entweder e kommunaalt oder e Chamber-Mandat unhëlt, awer net béides:

“Wie Schäffen oder Buergermeeschter ass, hëlt keen Deputéierte-Mandat un an ëmgedréint. Dat ass fir eis als ADR kloer.”

Eng wichteg Fro, bei där d’Äntwert awer net schwaarz oder wäiss wier, huet den CSV-Deputéierte Gilles Roth ënnerstrach an d’Fro vun der Professionaliséierung vun de Buergermeeschteren an de Raum geheit:

Mir hunn als CSV fonnt, datt de Statut, deen et fir en Deputéierte gëtt, mat enger Ofsécherung fir de Gehalt an vun der sécurité sociale och assimiléiert huelen kéint, fir eng Professionalisatioun vun de Buergermeeschteren.”

Wier dann awer och d’Fro, ob dat just fir Buergermeeschter a Schäffe gëlle soll oder och fir Conseilleren zum Beispill. Et wier e wichtege Sujet huet d’Nathalie Oberweis vun déi Lénk betount, mee de Problem wier vill méi déif gräifend a misst duerch e Gesetz geléist ginn:

Den Debat soll awer héich gehale ginn an et mierkt een erëm, datt den Debat scho sou laang do ass a sech zitt a mer einfach net viru kommen.”

D’Nathalie Oberweis vun déi Lénk huet en Dënschdeg iwwerdeems och eng Proposition de loi deposéiert, déi d’Duebelmandater verbidde soll.

Back to Top
CIM LOGO