Ëmfro OGBL EqualityWien dréit dat onsiichtbaart Gewiicht vun der Gesellschaft?

Dany Rasqué
Mat där Fro beschäftegt sech d'Gender Mirror Survey, eng Ëmfro vum OGBL Equality, dem Departement vun de Fraen am Onofhängege Gewerkschaftsbond. Et geet ënnert anerem drëms, d'Perceptiounen an d'Erfarunge vun de Fraen mat deene vun de Männer ze vergläichen.
© RTL Grafik

D'Äntwerten op déi verschidde Froe vun der Gender Mirror Survey goufe getrennt analyséiert, esou datt ee gesäit wat d'Frae geäntwert hunn a wat d'Männer. Wann een d'Fro erausgräift, wien all Dag doheem opraumt, soe 75 Prozent vun de Fraen, datt si dat maachen. 20 Prozent soen, si géife sech déi Aarbecht am Stot deelen. Bei de Männer fält d'Resultat liicht anescht aus. All zweete Mann ass der Meenung, datt dat eng Tâche ass, déi am Stot gedeelt gëtt a 25 Prozent soe si géife raumen.

Ëmfro OGBL Equality - Reportage vum Dany Rasqué

Bei der Fro ob d'Leit der Meenung sinn, datt d'Hausaarbecht fair verdeelt ass, soe 55 Prozent vun de Fraen "éischter Nee" oder "Nee iwwerhaapt net". Bei de Männer sinn dat just 28 Prozent. Opfaassung a Realitéit stëmmen nach laang net ëmmer iwwerteneen an dat zitt sech duerch déi ganz Ëmfro. D'Manon Meiresonne vum OGBL a Responsabel fir den Aarbechtsgrupp, deen d'Enquête gemaach huet.

"D'Frae si kohärent mat deem wat se erliewen. Et si si, déi effektiv vill vun där onsiichtbarer Aarbecht maachen. Dat léisst sech och iwwerpréiwen, wann een hinne Froen iwwert hiert perséinlecht Liewe stellt. D'Männer dogéint Äntwerten, datt déi onsiichtbar Aarbecht awer méi oder manner gläich opgedeelt ass a wann een hinnen da Froen iwwert hir perséinlech Situatioun stellt, weisen d'Zuelen, datt se manner an d'Aarbecht am Stot matagebonne sinn oder sech manner ëm d'Kanner këmmeren."

An der Ëmfro goung et och ëm d'Deelzäitaarbecht, vun där däitlech méi Frae wéi Männer betraff sinn. Vun deene Salariéeën, déi bei der Ëmfro matgemaach hunn, hu 45 Prozent vun de Frae gesot, datt si Deelzäit schaffen. Bei de Männer waren et 12 Prozent. Och wann ee kuckt, firwat d'Leit deelzäit schaffen, ginn et Ënnerscheeder tëschent de Geschlechter.

D'Milena Steinmetzer, déi Responsabel vun OGBL Equality: "Dee gréissten Deel vun de Frae gëtt un, datt se wéinst de Kanner an Deelzäit schaffen. Bei de Männer sinn aner Grënn am Vierdergrond. Do sinn et éischter Hobbyen oder nei Studien oder Fortbildungen. Dat heescht a sech selwer investéieren, woubäi et bei de Fraen éischter en Investissement an déi nächst Generatioun ass."

Deelzäitaarbecht bedeit iwweregens net just manner Paie elo, mä spéider och manner Pensioun an domadder permanent méi finanziell Ofhängegkeet vum Partner. An der Ëmfro ginn och eng ganz Rei Pisten opgezeechent, fir d'Situatioun ze verbesseren. Dozou gehéiert ënnert anerem d'Reduktioun vun der Aarbechtszäit.

Back to Top
CIM LOGO