“Wa mer Zären hätten, da kéinte mer och hei zu Lëtzebuerg dat ganzt Joer d’Leit domadder zerwéieren”, seet de Jo Studer, ee vun de Patrone vun der Provencale, a bezitt sech domadder op den Uebst- a Geméisbau.
D’Prozeduren, fir hei am Land eng Zär däerfen ze bauen, si laangwiereg oder et kritt ee keng Autorisatioun. Aus dem Grond schafft de Grossist neierdéngs mat engem Haff zu Arel an der Belsch zesummen, déi op engem Terrain vun engem Hektar eng Zär opgeriicht hunn. Sou kënne si Tomaten aus der Groussregioun importéieren. Hien huet e kloren Appell un d’Politik. “Wa mer gären hätten, dass mer effektiv eis selwer ernären, dass mer méi Uebst a Geméis hunn, da muss d’Politik och de Wëllen opbréngen, dass mer kënnen Zären hei opriichten.”
Beim Importateur vu biologesche Liewensmëttel BioGros konnt een am Beräich vum regionale Bio Uebst a Geméis eng positiv Entwécklung feststellen. An de leschte véier Joer huet de Betrib den Undeel vum regionale Bio-Uebst a -Geméis vun 14% op 25% gesteigert.
Trotzdeem bestätegt de Patrick Kolbusch, Direkter vu Biogros, dass et hei am Land e Problem gëtt, wat d’Autorisatioune vun Zären a Bewässerungsanlagen ugeet. “Wann dir als jonke Mënsch sot, ech géif gären an de Geméisbau goen an dir fänkt gäre mat Zären un, an dir musst awer, ech soen elo mol einfach 10 Joer waarden, bis der eng Geneemegung hutt, dann hutt der séier d’Loscht um Geméisbau verluer.”