
Wéi de Wirtschaftsminister en Donneschdeg den Owend op Facebook gepost huet, hätt hie keng Symptomer, ma wier zënter en Donneschdeg de Mëtteg a Quarantän.
En Donneschdeg den Owend war de Minister och dohier iwwer Telefonskonferenz beim Regierungsrot dobäi.
De Franz Fayot ënnersträicht nach eemol iwwert de Wee vun de sozialen Netzwierker, dass jiddereen hëllefe kann, wann ee sech strikt un d'Rotschléi a Mesurë vun der Regierung hale géif.