
Virun net grad zwee an engem hallwe Joer hat bei eis den deemolege Justizminister Felix Braz de Gesetzprojet 7204 iwwert d'“Mise en danger délibérée d’autrui“ deposéiert. Virum Hannergrond vum Urteel bei eisen däitschen Nopere kuckt den Eric Ewald, wou dee Projet de loi drun ass.
Déi lescht Spuer dovun um Internetsite vun der Chamber ass eng Reunioun, am Januar zejoert, vun der Commission juridique. Dee Moment gouf de Kommissiounspresident Charel Margue vun déi Gréng Rapporteur vum Gesetzprojet genannt, nodeems ë.a. d'Avise vum Barreau, vum Parquet général, vum Rescht vun de Justizautoritéiten a vum Staatsrot virloungen.
Allerdéngs goung am Procès-verbal vun där Reunioun och vu Retizenze vum Conseil d'Etat a vun de Justizautoritéite rieds, wat d'Aféiere vun engem entspriechenden Delikt am Lëtzebuerger Strofrecht ugeet, och wann een net kategoresch dogéint wär. Et wär awer z.B. schwiereg, fir dës Infraktioun ze beweisen, an de Projet de loi géif vill Froen opwerfen. Dee Gesetzprojet hat den deemolege Justizminister am November 2017 presentéiert an dunn dëst Beispill genannt: „Een, dee mam Auto mat 130 duerch en Duerf fiert, am Dag, wou Kanner spillen um Trëttoir, Polizisten och nach hiert eegent Liewe mussen a Gefor bréngen, fir deem nozefueren: Déi Leit huelen d'Liewe vun anere Leit quasi a Geiselhaft, an et ass just den Zoufall, dee mécht, dass net wierklech eppes geschitt!“
Et sollt also duerch dat Gesetz e Feel- an héich geféierlecht Verhale bestrooft ginn, dat duerch Zoufall keng uerg Konsequenze fir anerer hätt, woubäi Doudesgefor oder d'Gefor vun enger graver Atteinte op d'perséinlech Integritéit vu Persoune bestéing.
Déi virgesinne Strofe sollte bei bis zu 3 Joer Prisong a bis zu 5.000 € Geldbouss leien. D'Elementer, fir dass dës Infraktioun net op all Onvirsiichtegkeet kéint applizéiert ginn, wären och kloer definéiert.
Zanter 1992 gëtt et sou en Delikt iwwregens am franséische Recht. Hei am Land dierft et, aus verschiddene Grënn, nach e bëssen daueren, och wann de Projet de loi, wéi et heescht, net vum Radar verschwonnen ass.