An d'VakanzWou dierf een zu Covid-Zäiten nach hin?

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem Coronavirus hu vill Leit fir dëse Summer keng Vakanz gebucht oder sinn nach onsécher, ob si sollen heiheem bleiwen oder an d'Ausland fueren.

26/07/20 REDIFF BAND Reesbüro -denozi-

Donieft stellt sech nach d'Fro, wou een iwwerhaapt nach däerf hireesen, respektiv wou een als Lëtzebuerger nach hikënnt. Am Normalfall hätt de Gros vun de Lëtzebuerger seng Vakanz scho längst geplangt. Ma wéinst der aktueller Lag ass dat dëst Joer schwéier.

Wann een d'Leit dobausse freet, dann hu Verschiddener eppes gebucht, mä sinn nach net sécher, ob ee fuere kann oder ob ee léiwer ofsoe wëll. Anerer maache léiwer Vakanz doheem.

Reesen als Lëtzebuerger: Mat Test, Quarantän oder guer net? Spuenien, Portugal, Italien a Griicheland sinn déi Länner, déi bei de Lëtzebuerger Touristen am beléiftste sinn. Ma d'Meenungen, ob een iwwerhaapt nach an d'Vakanz goen soll, ginn auserneen, sou de Chris Poos vu "We love to travel".

"Mir hu vun allem. Mir hunn der, déi buchen a soen, ech wëll einfach net hei bleiwen, ech well fortfueren, ech brauch eng Auszäit. An dann hu mer awer och etlech Leit, déi soen: OK, dëst Joer net. An si verleeën hir Rees elo schonn ob d'nächst Joer."

Reesbüroe bidden de Leit Destinatiounen un, déi am Moment wéineg Infektiounsfäll hunn a wou déi sanitär Moossname respektéiert ginn. Doru ka sech all Woch nach eppes änneren. Nach méi schwiereg gëtt d’Vakanz-Plangen doduerch, dass Lëtzebuerg an Tëscht vu ville Länner als Risikogebitt agestuuft gëtt. Den Direkter Berny Ley vu Voyages Flammang verséchert awer, dass d'Clienten um neiste Stand gehale ginn.

"Eis Aarbecht ass d'Leit z'informéieren iwwer all déi Saachen, déi änneren. Déi éischt Saach ass, mer kontrolléieren déi Hoteller, wou mer se hischécken, ob déi an der Rei sinn, déi hir Aarbecht gemaach hunn, ob se op sinn, dat war d'lescht Woch nach net ganz evident. An da kontrolléiere mer elo all Dag, ob do iergendwellech Saachen ze maachen sinn am viraus, ob ee muss villäicht ee Formulaire ausfëllen."

Länner ausserhalb vun Europa wéi Tunesien sinn och gefrot an hu relativ niddreg Infektiounszuelen. Allerdéngs ass et ville Clienten an der Tierkei oder Ägypten den Ament nach net waarm genuch. D'Vakanz doheem ass eng Alternativ fir Leit déi veronséchert sinn.

Dass vill Clienten d'Rees ofgesot hunn, mécht de Reesbüroen ze schafen. Elo heescht et vill Bürokratie an duerfir suergen, dass d'Clienten hir Sue vun ofgebuchte Vakanzen erëm kréien.

Back to Top
CIM LOGO