Pacte Logement 2.0Wuesstem vun abordabelem Wunnraum, sou Minister Kox

RTL Lëtzebuerg
An der Chamberkommissioun vum Logement huet den zoustännege Minister Henri Kox en Donneschdeg de Mëtteg de Pacte Logement 2.0 virgestallt.
Pacte Logement 2.0: Henri Kox steet Riet an Äntwert
De Logementsminister war um Donneschdeg den Owend um Plateau op RTL Télé Lëtzebuerg

Enn d’nächst Joer kënnt de Pacte Logement 1.0, deen 2008 lancéiert gouf, jo op en Enn.
Fir d'Neioplo vum Pacte tëscht Staat a Gemenge goufen a 6 regionalen Ateliere Proposen ausgeschafft an dës goufen en Donneschdeg an den zoustännege Chamberkommissioune presentéiert. Mam Pacte Logement 2.0 soll effektiv Logement geschafe ginn a manner de Fokus op kommunal Infrastrukture geluecht ginn. D'Offer eropsetzen, Bauland mobiliséieren an d'Liewesqualitéit duerch adaptéierten Urbanismus eropsetzen: Dat sinn d'Ziler.

An der Reform vum Pacte Logement, iwwert déi Ufank Dezember soll an der Chamber debattéiert ginn, sollen d'Gemenge méi kloer ewéi bis ewell un dës Konventioun mam Staat gebonne ginn. Et géif an Zukunft net méi einfach Suen um Wuesstem vun den Awunner ginn, mä um Wuesstem vun abordabelem Wunnraum. Dat sot den neie Logementsminister Henri Kox en Donneschdeg de Mëtteg no senger Entrevue an der zoustänneger Chamberkommissioun.

Bis elo gëtt et just een Dokument, dat d'Resultater aus diversen Aarbechtsgruppen op Gemengenniveau festhält.Bis ewell war et esou, dass 10 Prozent vun der Wunnfläch vun engem Bauprojet iwwer 25 Unitéiten huet missen zu abordabele Präisser verlount oder verkaaft ginn. Duerch d'Haussen um Marché si se awer ni laang abordabel bliwwen. Dat soll an der Versioun 2.0 anescht ginn. Déi 10 Prozent solle mam neie Pacte direkt an d'ëffentlech Hand goen, déi se dann u Leit déi Beneficiaire sinn, verlounen.

Ënnert anerem d’CSV an déi Lénk hu sech och fir esou eng Mesure ausgeschwat. De Staat oder d'Gemeng géif deen da verlounen, esou den Henri Kox. D'Regierung wëll dat gesetzlech festzehalen, wann d'Fraktiounen dat froen, confirméiert d'Inneministesch Taina Bofferding.

Den CSV-Deputé-Maire Marc Lies huet zwar vun ze wéineg konkrete Mesurë geschwat, war awer net wäit fort vun der Ministesch-Propose: ''Ech wënsche mir (Note Redaktioun: als Buergermeeschter) dass mir eng Rechtssécherheet kréien, dass mir déi 10 Prozent konsequent kënnen ëmsetzen. Dat muss effektiv an e Gesetz gegoss ginn.''

Fir den David Wagner vun déi Lénk géif de Problem vun der Spekulatioun op den Terrainen an och der zweeter Versioun vum Pacte Logement net genuch ugepaakt ginn.

Am nächste Fréijoer soll de Gesetztext fir de Pacte Logement 2.0 deposéiert ginn. Ënn d'nächst Joer leeft déi éischt Versioun jo aus.

Interview mam Henri Kox / Reportage vum Fanny Kinsch

Schreiwes vum Gouvernement

Le Pacte logement 2.0 au débat à la Chambre des députés (14.11.2019)
Communiqué par: ministère du LogementLe gouvernement réinvente le soutien aux communes pour plus de logements abordables
Fin 2020 le Pacte logement première génération lancé en 2008 vient à échéance. Ce programme a soutenu les communes, afin de les inciter à construire davantage de logements et d'infrastructures publiques. Le constat est que ces aides financières étaient souvent investies dans le développement d'infrastructures communales (écoles, maison relais/crèche, ...) et que peu de nouveaux logements ont été réalisés. Or actuellement, la création de logements abordables est un défi majeur.

En vue du Pacte logement 2.0, le ministère du Logement et le ministère de l'Intérieur ont élaboré ensemble avec les communes, dans 6 ateliers de travail régionaux, des propositions qui ont été présentées ce jeudi 14 novembre à la Chambre des députés en préparation d'un débat de consultation qui se tiendra avant la fin de l'année.

Le Pacte logement 2.0 vise trois objectifs majeurs:

• L'augmentation de l'offre de logements abordables et durables;
• La mobilisation de terrains à bâtir et du potentiel existant;
• L'amélioration de la qualité de vie par un urbanisme adapté.

La mise à disposition d'un «conseiller Logement» pour chaque commune conventionnée est un élément clé du nouveau dispositif. Cette expertise professionnelle leur permettra d'élaborer une stratégie communale de logement et un «Programme d'action local Logement» (PAL), prérequis pour pouvoir bénéficier de l'aide financière dans le cadre du Pacte logement 2.0. Ces différents éléments constitueront la base de travail pour la mise en place d'une nouvelle législation.

Les documents relatifs au débat de consultation peuvent être consultés ici.

Pacte Logement 1.0

Wat ass de Pacte Logement 1.0?
Den éischte Pacte Logement gouf 2008 an der Chamber gestëmmt. Dat si Konventiounen tëscht dem Staat an de Gemengen fir d’Offer u Wunnraum eropzesetzen.

Wat ass de Pacte Logement 1.0 ? Reportage Maxime Gillen

De Logementsproblem ass sécherlech keen neie Phenomen. Scho viru méi wéi 10 Joer gouf dowéinst de Pacte Logement an d'Liewe geruff. 2006 hat den deemolege Premier annoncéiert déi schwiereg Situatioun um Logementsmarché zesumme mat de Gemenge wëllen unzegoen. 2008 du gouf d'Gesetz fir den éischte Pacte an der Chamber gestëmmt. An deem Kader gi Konventiounen tëscht dem Staat an all eenzel Gemeng ofgeschloss. Doran engagéieren sech béid Vertragspartner an der Haaptsaach d'Offer u Wunnengen eropzesetzen an doduerch d'Käschte fir ze wunnen erof ze kréien.

Konkret ass den aktuelle Pakt dorop ausgeriicht, dass d'Populatioun bannent zéng Joer op d'mannst ëm 15 Prozent an d'Luucht geet. An absoluten Zuele wieren dat wéinstens 30 nei Awunner am Joer, pro Gemeng. D'Gemeng muss iwwerdeems awer och dofir suergen, dass hir Awunner all sozial Schichten ofdecken. Am Géigenzuch bedeelegt sech de Staat un de Käschte fir nei Wunnengen an ëffentlech Gebaier an Infrastrukturen ze bauen. Bei engem Bevëlkerungswuesstem vun op d'mannst engem Prozent un, kritt d'Gemeng fir all neien Awunner 4.500 Euro.

Jee no deem, wou déi betraffe Gemeng läit, kann d'Contributioun vum Staat nach emol erhéicht ginn. Dat awer just, wann déi nei Baute gutt un den ëffentlechen Transport ugebonne sinn, eng harmonesch an un d'Ëmgéigend ugepassten Entwécklung méiglech ass, an op d'mannst 25 Wunn-Unitéite pro Hektar gebaut ginn.

Ausserdeem hu souwuel Staat wéi Gemengen e Virkafsrecht, wann de Kaf der Allgemengheet déngt. Zum Beispill fir abordabele Wunnraum ze schafen, ëffentlech Institutiounen oder Infrastrukturen ze bauen, oder fir dogéint virzegoen, dass Bauland net genotzt gëtt. Dat Recht gouf bannent zéng Joer just fir knapp 22 Hektar agefuerdert.

Derbäi kënnt d'Méiglechkeet fir Staat a Gemengen, fir hir Gebaier mat Emphyteose ze verkafen, dat heescht andeems si den Terrain op deem d'Haus steet just verlounen. Bis ewell gouf dat bei gutt 60 Projete gemaach.

Da kënnen d'Gemengen Taxen op Wunnenge froen, déi op d'mannst 18 Méint laang um Stéck net bewunnt waren. De selwechte Prinzip gëllt fir Terrainen, déi zwar am Bauperimeter leien, ma déi zanter méi wéi dräi Joer Brooch leien. Ausname ginn et awer zum Beispill fir Baueren oder wann een d'Bauplaz fir sech oder seng Kanner wëll halen. Tatsächlech agefouert gouf dës Grondsteier an 80 Gemengen.

Eng weider Mesure vum Pacte ass, dass ee Spekulatiounsgewënner respektiv allgemeng d'Recetten, wann ee säin Terrain un de Staat oder eng Gemeng verkaaft huet, ka steierlech ofsetzen. Bannent zéng Joer hu sech iwwert dee Wee 140 Verkeefer d'Akommessteier kënne spueren.

Ee vun de grousse Kritikpunkten um Pacte war, dass de Gros vun de Suen u Projete gefloss ass, déi kee Logement geschaaft hunn, also Schoulen, Maison Relais oder soss Infrastrukturen.

Alles an allem goufen et bannent de leschten 10 Joer just sechs Gemengen, déi keng Konventioun mam Staat ofgeschloss hunn. An där Zäit goufe ronn 9.500 Haiser a gutt 23.000 Wunnenge gebaut. Dofir huet de Staat e Budget vun 379 Milliounen Euro un d'Gemenge verdeelt.

Back to Top
CIM LOGO