Klaus Iohannis op Aarbechtsvisitt zu LëtzebuergXavier Bettel: 25 Lëtzebuerger Zaldote ginn am Mäerz a Rumänien stationéiert

RTL Lëtzebuerg
De rumänesche President gouf e Méindeg vum Premier Xavier Bettel fir Gespréicher empfaangen.
Klaus Iohannis op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg
De rumänesche President gouf e Méindeg vum Premier Xavier Bettel fir Gespréicher empfaangen.

“De Konflikt an der Ukrain betrëfft eis all an d’Solidaritéit ass immens wichteg!” Dat huet de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel op enger gemeinsamer Pressekonferenz mam rumänesche President Klaus Iohannis betount, deen op Besuch am Grand-Duché war. Sujete waren ënner anerem d’bilateral Relatiounen an aktuell europäesch Sujeten, wéi eben den Ukrain-Krich. De Xavier Bettel huet ënnerstrach, datt Rumänien eng aner Vergaangenheet huet wéi Lëtzebuerg huet, mee och ganz einfach eng aner Distanz zum Konflikt an der Ukrain an Russland huet:

Ech kann just jidderengem roden, eise Kolleegen nozelauschteren, déi en anere Passé eng aner Erfarung an aner Relatiounen hunn, aner Ängschte moies wann mer opstinn. Et si Länner, déi vill méi no bei hinnen dru sinn, iwwert deenen eng Gefor lauert. Mir ware solidaresch, sinn et a wäerten et och bleiwe mat eise Länner, déi am meeschten am Alldag ënnert dem Krich leiden an hoffen natierlech, datt e sou séier wéi méiglech op en Enn kënnt.”

D’Solidaritéit wier extreem wichteg fir d’Ukrainer, mä och fir d’Rumänen, sot de President Klaus Iohannis:

D’Ukrainer kämpfen och fir eis, fir eis Fräiheet an eise Maintien. Et gëtt sécherlech ëmmer erëm diskutéiert a wéi wäit a verschidde Staaten den Zousproch fir déi Solidaritéit méi oder wéineger grouss ass. Insgesamt ass meng Feststellung awer, datt d’Leit dat all ganz gutt verstanen hunn an d’Solidaritéit authentesch an dauerhaft ass. Ech mengen, datt dat net just wichteg, mä ganz gutt sou ass.”

De Xavier Bettel huet nach annoncéiert, datt am Mäerz 25 Lëtzebuerger Zaldoten a Rumänien stationéiert wäerte ginn. Dat wier iwwregens de gréisste Contingent, deen Lëtzebuerg am Ausland hätt, huet de Premier nach präziséiert.

Back to Top
CIM LOGO