Justiz a Kollaboratioun mam Zentrum fir politesch BildungYOUstice Projet "méi spannend wéi eng Netflix-Serie"

Diana Hoffmann
Bei deem d'Justiz an den Zentrum fir politesch Bildung Schüler vu 15 Joer u wëllen de Fonctionnement vun den entspriechenden Institutioune méi no bréngen.
© AFP

En Dënschdeg de Moie gouf en éischte Bilan gezunn an den Dagesoflaf vun enger Visitt virgestallt.

YOUstice Projet fir Schüler / Reportage Diana Hoffmann

Zanter Enn zejoert hu 420 Schüler mat 30 Enseignanten un den 20 organiséierten Atelieren deelgeholl. D’Haaptiddi vum Projet wier, datt d’Schüler aus dem Klassesall erauskommen an direkt souzesoen an den Zentrum vun der Demokratie, erkläert de Marc Schoentgen, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB). Déi Jonk sollen op der Plaz selwer léieren, wisou déi jeeweileg Institutiounen do sinn. “Datt se kee Selbstzweck sinn, an och net just fir ze strofen”, ënnersträicht de Marc Schoentgen.

De Marc Schoentgen

Hei ass d’Observatioun wichteg. Ech kommen an e Gebai eran, wou ech normalerweis net hikommen. Ech observéieren eng Audienz hei an engem richtege Geriichtssall. Dat, wat ech aus der Tëlee villäicht kennen, wat awer ganz anescht hei zu Lëtzebuerg a Wierklechkeet ass. Et ass en anert erliewe vun deem, wat geschitt an domat versteet een et besser. An et hëlt een och méi mat, wéi wann dat nëmme reng theoretesch ass, well et jo awer eppes ganz Abstraktes a Komplizéiertes ka sinn. Mir probéieren déi Barrièren ze iwwerwannen”, erkläert den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, de Marc Schoentgen.

Wéi dat da soll an der Praxis ausgesinn, erkläert déi fréier Proff an elo Collaboratrice vum Zentrum fir politesch Bildung, d’Patricia Feider: “Déi Jonk ginn am Kader vu Rollespiller selwer en Deel vun den Institutiounen”. Zum Dagesoflaf gehéiert och den Austausch mat Riichter an Affekoten. Doriwwer eraus gëtt eng reell Prozess-Sëtzung suivéiert. Datt dat méi spannend ewéi eng Netflix-Serie wier, huet d’Patricia Feider scho méi dacks héieren. Besonnesch dat emotionaalt géing déi Jugendlech fesselen.

Méi spéit sinn d’Schüler da selwer un der Rei a spillen e Prozess no. Nodeems si sech an e fiktiven Dossier konnten eraschaffen, huele si bestëmmte Rollen, vu Riichter iwwer Affekot bis Greffier, an. “Dobäi léiere si dann och eng Argumentatioun opzebauen, a si gesi wéi schwéier et ka sinn en Urteel ze huelen, am Fall, wou se selwer de Riichter sinn”, esou d’Patricia Feider.

D’Nofro vun den Enseignanten, fir beim Atelier YOUstice matzemaachen, wier grouss, heescht et. Bis elo gouf e just eemol d’Woch ugebueden. Et gëtt awer schonn dru geschafft, d’Offer méi grouss ze maachen. Et wëll een och e Programm fir Schüler vun 12 Joer un ubidden. Hei mussen Upassunge vum Programm gemaach ginn, ënner anerem well si nach kee reale Prozess suivéieren däerfen. “An da wëlle mer och an den non-formale Beräich goen. An d’Jugendhaiser an an d’Foyeren”, seet d’Collaboratrice. An och aner Sitten, wéi zum Beispill d’Geriicht zu Dikrech, goufe schonn an d’Ae gefaasst.

© Diana Hoffmann / RTL

Back to Top
CIM LOGO