
ënnert anerem un enger Parad deelgeholl.
Nodeems sech an de soziale Medien iwwer d’Iddi opgereegt gouf, datt d’Politiker d’Rees mat Steiergelder kéinte gemaach hunn, dementéiert de Finanzministère dat elo op Nofro hin: Nee, d’Finanzministesch war privat mat der Famill an den USA an huet deemno d’Rees selwer bezuelt. Och de Sven Clement verséchert, hien hätt d’Rees mat senger Famill selwer finanzéiert.
De Kardinol Jean-Claude Hollerich, deen och fir d’Fest zu Belgium war, sot sengersäits, hie wier am Numm vun der Kierch do gewiescht an hätt eng 20 Communautéiten an den USA besicht. Vum Steierzueler wier awer näischt bezuelt ginn.