Déi nei Regierungsmemberen Yuriko Backes, Georges Engel an Claude Haagen sinn e Mëttwoch de Moien vum Grand-Duc vereedegt ginn. A well den Staatschef positiv op Covid19 getest gi war, war hien fir d’Assermentatioun am Schlass Bierg bliwwen wärend d’Ministeren am Palais an der Stad waren. Verbonnen waren si iwwer Video.
Eng ongewinnt Zeremonie, confirméiert och déi nei Finanzministesch Yuriko Backes, déi jo als Hofmarschallin bis ewell vill mam Grand-Duc zesummegeschafft hat: ''Déi Zeremonie war net esou geplangt. Et war trotzdeem e schéinen an emotionale Moment. Mir si frou, dass mir dat esou konnten organiséieren. Ech sinn elo ganz motivéiert fir a mäin neie Ministère ze goen.’'
De Georges Engel war bis ewell LSAP-Fraktiounschef an der Chamber. Hien iwwerhëlt elo nom Depart vum Dan Kersch d’Leedung an zwee Ministèren, deem vun der Aarbecht an deem vum Sport.
Säi Parteikolleeg a fréieren Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen ersetzt den Romain Schneider - och en LSAP-Politiker - an de Ministèren fir Agrikultur an Sécurité Sociale. Och hien hätt sech e Stéck méi iwwer eng Vereedegung a physescher Presenz vum Grand-Duc gefreet. Mä an dësen Zäiten wär eben net alles méiglech. Seng Equippen hätt hie scho kennegeléiert.
De Claude Haagen huet grouss Dossieren ëmzesetzen: ''D’Agrikultur natierlech, wou mir en nationale Strategieplang mussen op Bréissel schécken. Deen ass an der Finalisatioun. Wann ech dann d’Sécurité Sociale kucken, wat och ee ganz groussen Ministère ass, do ass et haaptsächlech den Dossier vun der eSanté.’'
De Regierungschef Xavier Bettel hat déi 3 nei Ministeren begleet. Op Nofro hin huet hie confirméiert, dass et dem Grand-Duc Henri nach e Stéck besser geet ewéi gëschter. Den Haff hat jo scho matgedeelt, de Staatschef hätt wéineg Symptomer vum Covid19.
Wéinst deem positiven Test, waren d’Demissiounsaudienzen fir déi demissionär Ministeren Gramegna, Kersch an Schneider och annuléiert ginn. E Mëttwoch am Nomëtten soen si hire jeeweilegen Ministèren Äddi a ginn hire Pouvoir weider un déi dräi nei Regierungsmemberen.