Deklaratioun iwwer de StaatsbudgetYuriko Backes stellt Steiererliichterunge bis a Mëttelschicht eran an Aussiicht

RTL Lëtzebuerg
D'Finanzministesch Yuriko Backes huet e Mëttwoch de Moien hir Deklaratioun iwwer de Staatsbudget fir dat anert Joer gemaach.
© Archiv

Dobäi huet si fir d’Fréijoer Steiererliichterunge bis an d’Mëttelschicht eran an Aussiicht gestallt. Allerdéngs nëmmen, wann an de Staatskeesen nach Sputt dofir wär.

D’Yuriko Backes wéilt gesinn, wéi dëst Joer ofgeschloss gëtt. Aktuell geet si dovun aus, dass den Defizit beim Staat méi niddreg kéint ausfalen ewéi virgesinn. Da wéilt si och nach d’Zuele vum 1. Trimester 2023 ofwaarden, grad ewéi d’Previsiounen, wat d’Konjunktur an den Niveau vun der Inflatioun ugeet.

Enn Abrëll géif d’Finanzministesch dann de pluriannuelle Stabilitéitsplang an der Chamber presentéieren. Wann d’Chiffere sech géinge verschlechteren, misst ee verstänneg bleiwen. Da wär kee Sputt do, esou d’Yuriko Backes.

Wann d’Trajectoire sech awer verbessere géing, wäert si bei deem Rendez-vous am Abrëll an der Chamber Steiererliichterungen annoncéieren. Méi konkret ass d’Yuriko Backes net ginn.

Eng komplett Reorganisatioun vun de Steierbarèmen, ewéi d’Chambre des Salariés an och den OGBL fuerderen, refuséiert d’Finanzministesch elo an der Kris. E méigleche Verloscht vun der Kafkraaft géif bei wäitem iwwer aner Weeër kompenséiert ginn: ënnert anerem mat de Mesuren an Héicht vun 2,5 Milliarden, fir de Leit an de Betriber ze hëllefen, gutt duerch dës Energiekris ze kommen.

3,8 Milliarden Euro sinn am Staatsbudget fir Investissementer virgesinn. Dat si ronn 4,6 Prozent PIB. Dat sinn iwwer 600 Millioune méi ewéi dëst Joer. Eng Kris – dat hätt een 2008 geléiert – wär net den Ament, fir ze spueren. D’Land misst moderniséiert ginn. D’Yuriko Backes huet vun enger digitaler a grénger Transitioun geschwat.

Nawell huet d’DP-Politikerin nach eemol ënnerstrach, dass si d’Grenz vun 30 Prozent vum PIB Staatsschold net wëll depasséieren. Den Triple A wär wichteg fir d’Finanzplaz. Déi hätt iwwerdeems Problemer, Personal mat der passender Qualifikatioun ze fannen. Dofir ginn d’Reglementer, fir Leit aus dem Ausland anzestellen, vum 1. Januar u méi attraktiv. Notamment däerfen da méi Betriber hire Mataarbechter Primmen accordéieren.

Eng aner Prioritéit an dësem Staatsbudget wären d’Monoparentauxen, esou d’Finanzministesch. De Steierbonus geet fir Elengerzéier vun 1.500 Euro fir e Joressalaire bis 35.000 Euro op 2.505 Euro fir en Akommes bis 60.000 erop, fir da progressiv erofzegoen. En Elengerzéiende mat engem Kand, deen den onqualifizéierte Mindestloun verdéngt, kritt vum 1. Januar un 225 Euro de Mount méi an d’Täsch. Wann de Steierkredit op den Energiekäschten den 1. Abrëll ofleeft, bleift et awer nach eng Hausse vun 141 Euro de Mount.

D’Finanzministesch huet de Gehälteraccord fir d’Joren 2023 an 2024 am ëffentlechen Déngscht ausdrécklech begréisst. Am Ganzen 130 Milliounen Euro, déi an dësem Budget nach net berécksiichtegt ginn, well d’Gesetzer nach net geschriwwe wären.

Der Yuriko Backes no ass dëse Staatsbudget raisonnabel a realistesch.

Reaktiounen op de Budget 2023: D’LSAP an déi Gréng droen de Budget mat, d’CSV kritiséiert déi héich Depensen

Back to Top
CIM LOGO