Safer Internet DayZäit vu Kanner mat Handy a Computer aschränken, sou Cybersécherheets-Expertin

Mariette Zenners
Dat seet d’Gabriella Rapp, déi zanter Joren zu Lëtzebuerg an international am Beräich vun der Cybersécherhéet schafft.
Zäit vu Kanner mat Handy a Computer aschränken
"Cybermobbing, sexuell Iwwergrëff via sozial Netzwierker, Banaliséierung vu Gewalt duerch Computerspiller- all dat hëlt zou", sou d'Gabriella Rapp.

"Cybermobbing, sexuell Iwwergrëff via sozial Netzwierker, Banaliséierung vu Gewalt duerch Computerspiller- all dat hëlt zou", sou d'Gabriella Rapp.

Si huet lo kierzlech ee Buch erausgi mam Titel: "Bitte tu was", wou se hir Erfarunge beschreift, déi si an Dausende vu Gespréicher mat Kanner a Jugendleche gemaach huet, mat deels erschreckende Beispiller a wéi wäit scho ganz jonk Kanner vill ze vill a schiedlech digital consomméieren.

Hiren Appell un d’Elteren: D’Zäit, déi Kanner a Jugendlecher mat Smartphone a Computer verbréngen, sou wäit wéi méiglech aschränken.

D'Gabriella Rapp

© Didier Weber / RTL

Am Kader vum Safer Internet Day hunn d’Kolleegen vun der Télé een Interview mat der Gabriella Rapp opgeholl, Detailer den Owend am Journal op der Télé.

Back to Top
CIM LOGO