Dëse Choix huet och d’Liudmyla Momotiuk fir sech an hiert Meedche getraff. No puer Deeg a Polen sinn déi zwou Fraen dann op Lëtzebuerg komm, wou si no zwou Wochen, de 24. Mäerz, beim Lisa a Pierrot doheem opgeholl goufen. Zanterdeem wunnen déi zwou Familljen ënnert dem selwechten Daach. Déi zwou Famillje si frou, dass si gutt mateneen eens ginn, well si si sech och bewosst, dass dat net an all de Familljen de Fall ass.
Déi zwou ukrainesch Fraen hu sech gutt hei zu Lëtzebuerg agelieft. D’Maria, dem Liudmyla hiert Meedchen, geet zanter Abrëll an d’International School. Well hatt schonn Englesch kann, huet hatt d’Méiglechkeet, an déi Schoul ze goen, wou hatt awer och Lëtzebuergesch léiert.
De Pierrot an d’Lisa woussten um Ufank net, fir wéi laang si eng Famill géifen ophuelen, dass et esou laang dauert, wousste si net. Dëst war fir si awer kee Problem, well si hëllefen, soulaang wéi d’Famill dat brauch, egal ob Méint oder ee Joer.
Déi zwou Famillje liewen ee ganz harmonescht Liewen zesummen, si wëssen awer och, dass dat keng Situatioun ass, déi fir ëmmer undauere kann. Egal wéi d’Zukunft fir déi zwou Familljen ausgesäit, si si sech eens, dass déi Renconter net sou séier vergiess gëtt an dass si a Kontakt bleiwe wäerten.