Neit Gesetz: e Quantesprong?Zanter dem 3. Mäerz gëlle fir de Lëtzebuerger Patrimoine nei Reegelen

Monique Kater
No jorelaangem Gepiddels gëtt et en neit Denkmalschutzgesetz, dat definéiert, wéi ee mat Gebaier an archeologesche Sitten dierf oder muss ëmgoen.

Zanter dem 3. Mäerz gëlle déi nei Reegelen, zum Beispill och fir de Patrimoine mobilier an immatériel. De Kulturministère versprécht méi Kloerheet, méi Rechtssécherheet a méi Koherenz. A wat dat zum Beispill fir d’Proprietäre vun Haiser bedeit déi ënner nationalem Schutz stinn, kritt den intresséierte Bierger a 4 Informatiounsversammlungen erkläert.

Bieles war déi éischt Statioun vu 4. A se waren zu 4 op der Bün, d’Ministesch an hir Experten, fir déi verschidde Ressorten, déi vum Gesetz couvréiert sinn. De Service vu Sites et Monuments, deen ewell INPA heescht – fir Institut National pour le Patrimoine architectural – a sech weider ëm Haiser, Scheieren, Fabricken, also ëm eisen architektonesche Patrimoine këmmert. Da ginn et och d’Archeologen, déi oppassen, dass keen eppes op eppes aneres drop setzt, wat net einfach esou, däerf futti gemaach oder verschummelt ginn

Natierlech brauch een d’Gemengen, bei der Ëmsetzung vun esou engem Gesetz. Dass déi dacks anescht ticken, wann et ëm d’Erhale vun aller Bausubstanz geet, gëtt ëmmer nees vun Denkmalschützer kritiséiert. Suessem huet ronn d’Hallschent vun deem, wat Sites et Monuments proposéiert hat, am PAG an de kommunale Schutz gesat.

Uspriechpartner bleift, nieft der Gemeng, den nei gedeeften INPA, deem säin Direkter Patrick Sanavia ass vum neien Text iwwerzeegt, well een am Intressi vum Denkmalschutz eng ganz Rei Saachen hätt kënnen a Bëtong géissen.

Wéi gesot: och de Patrimoine mobilier ass net vergiess, wat zum Beispill ze maachen ass, wann een elo bei engem ale Réimerwee eng Tru mat Mënz vun deemools géing fannen. An och eisen immaterielle Patrimoine, wéi eng Schueberfouer oder eng Sprangprëssessioun, sinn offiziell geschützt.

3 Rendez-vouse ginn et nach am Mäerz, de 14. Mäerz zu Maacher am Lycée, de 15. Mäerz zu Ettelbréck am Cape an den 22. Mäerz am Neimënster an der Stad.

wou a wéini ee genee ee seng Froe ka stellen, steet um Site vum Kulturministère.

Back to Top
CIM LOGO