Wann d'VEFA zu engem Albdram gëtt"Zanter dem Kaf vum Appartement ass mäi Liewe stoe bliwwen"

Gaël Arellano
RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
Bannent puer Méint ass säin Dram zu engem Albdram ginn. Enn 2024 huet d'Emily sech en Appartement am Projet "WestValley" zu Mutfert kaf. Si hätt sech net virstelle kënnen, wéi séier sech d'Evenementer just e puer Wochen, nodeems si den Akt ënnerschriwwen hat, géifen iwwerschloen.
© Gaël Arellano/ RTL Luxembourg

D'Emily gëtt zanter der Ënnerschrëft vun hirem Akt Enn 2024 komplett am Däischtere gelooss. Bal zwee Joer méi spéit steet si virun enger haarder Realitéit: hiert Appartement an d'Residenz, zu där et gehéiert, sinn nach wäit dovun ewech, fäerdeg ze sinn.

Vum Dram zum Albdram an e puer Wochen

Eng Foto, déi Enn August  2026 virum Lotissement gemaach gouf, wou d'Appartement vum Emily hätt gebaut solle ginn.
© Gaël Arellano/ RTL Luxembourg

Wéi si Enn 2024 ënnerschreift, ass d'Emily iwwerzeegt, endlech hiert Dramappartement fonnt ze hunn. Si ënnerschreiwt bei "Moutfort Todenweg Sàrl", enger Duechtergesellschaft vum Grupp Capelli. Hir Bank iwwerweist déi éischt 300.000 Euro an d'Emily fänkt un, Mount fir Mount ze bezuelen. Mee um Chantier geet näischt virun.

"Ech hunn d'Gemeng kontaktéiert, mee si hu mir kloer gemaach, datt dat net hire Problem wier, genee wéi beim Logementsministère."

Emily, acquéreuse en VEFA

Si léiert, datt Capelli a Frankräich Faillite gemaach huet an datt "Moutfort Todenweg Sàrl", dat selwecht Schicksal kéint erliewen. Déi aner Proprietären denken driwwer no, juristesch virzegoen, zécken awer. D'Residenz ass schonn deelweis gebaut an hinne gëtt zanter puer Méint versprach, datt d'Aarbechte rëm weiderginn.

"Ech fille mech komplett am Stach gelooss"

Eng Foto, déi Enn August um Chantier vum Projet "West Valley" zu Mutfert gemaach gouf.
© Gaël Arellano/ RTL Luxembourg

"Ech hunn d'Gemeng kontaktéiert, mee si hu mir kloer gemaach, datt dat net hire Problem wier, genee wéi beim Logementsministère. Ech fille mech komplett am Stach gelooss", esou d'Emily. "Ech hu missen zeréck bei meng Mamm plënneren. Ech ka mir kee Loyer leeschten, zousätzlech zu mengem Prêt fir en Appartement, dat vläicht ni gebaut gëtt. A wann et dann eemol fäerdeg wier, wéini? Wéi soll ech mat 56 Meterkaree liewen, wann ech an e puer Joer e Kand wëll kréien? Ech kann näischt méi plangen, näischt méi virausgesinn. Mäi Liewen ass stoe bliwwen zanter dem Kaf vun dësem Appartement."

"Op der Bank huet ee mir gesot: 'Kuckt, Dir sidd eis Sue schëlleg, Dir musst déi zeréckbezuelen.'"

Emily, acquéreuse en VEFA

"Si sinn dem Promoteur ausgeliwwert"

D'Emily huet hir Bank kontaktéiert, fir ze probéieren eng Léisung ze fannen, mee dat ass net esou verlaf, wéi si gehofft hat.

"Déi éischt Persoun, mat där ech geschwat hunn, war ganz verständnisvoll," erzielt si. "Mee mat der nächster war et komplett anescht. Si huet mir gesot: 'Kuckt, Dir sidd eis Sue schëlleg, Dir musst déi zeréckbezuelen.'"

Fir d'Emily gëtt et aktuell keng Léisung. Si gëtt elo vum Maître Olinger vertrueden, dee schonn néng Koppelen aus demselwechte Projet representéiert. "Moutfort Todenweg Sàrl" ass nach ëmmer aktiv, obwuel de Chantier méintlaang stoung. "Alles geet extrem lues weider, an d'Mëttel fir d'Keefer si wierklech net effikass", seet den Affekot.

Brice Olinger, avocat et partner chez Wurth Kinsch Olinger
Brice Olinger, Affekot a Partner bei Wurth Kinsch Olinger
© Wurth Kinsch Olinger

Seng Clienten hunn d'Wal: waarden oder d'Gesellschaft verkloen, an der Hoffnung d'Garantie d'achèvement ze declenchéieren an d'Aarbechten erëm opzehuelen.

D'Firma géif alles probéieren, fir eng Faillite ze vermeiden. D'Gesetz vum 7. August 2023 mécht et de Keefer net méi einfach, well et erlaabt Betriber, sech ënner dem Statut vun der "geriichtlecher Reorganisatioun" ze schützen, wat hinne bis zu 12 Méint Zäit verschafe kann. "Si sinn dem Promoteur ausgeliwwert", esou de Me Olinger.

"Bei esou Fäll geschitt et dacks, datt Promoteure méi fakturéieren, wéi se effektiv geschafft hunn"

Maître Olinger, avocat et partner chez Wurth Kinsch Olinger

"Bei esou Fäll geschitt et dacks, datt Promoteure méi fakturéieren, wéi se effektiv geschafft hunn", erkläert den Affekot. Dat kann Dausende vun Euro Schued fir d'Keefer bedeiten, déi schonn hire Prêt, d'Geriichtskäschten an dacks och e Loyer bezuelen.

Fir d'Emily, déi souwisou scho kämpft, fir iwwer d'Ronnen ze kommen, fänkt de ganze Prozess eréischt un. "Ech maache Babysitting a ginn Nohëllefsstonnen, fir meng Affekotskäschten ze bezuelen. Ech verstinn net, firwat een eis net hëlleft. Ech hunn alles richteg gemaach, ech schaffen hei, ech bezuele meng Steieren hei, ech hunn hei kaaft, wéi d'Regierung et encouragéiert. Awer ech fille mech guer net ënnerstëtzt.“

"Mir wäerten eis Engagementer anhalen"

De Christophe Capelli, President vun der Promoteursgesellschaft mam selwechten Numm, verséchert, datt hien de Projet net opginn huet. "Mir wäerten eis Engagementer anhalen", sot hien am Telefonsgespréich.

Christophe Capelli
Christophe Capelli
© Capelli

"Ech verstinn d’Leit, de Chantier war méintlaang gestoppt", gëtt hien zou.

Hie rechent mat enger Reprise vun den Aarbechten "Ufank 2027", also iwwer zwee Joer nom Akt am Fall vum Emily. D'Aarbechte sollen duerno "op d’mannst 12 Méint" daueren. Op d'Fro, firwat d'Keefer vun der Residenz näischt méi héieren, weist hie sech "iwwerrascht".

Dësen Artikel ass den zweeten Deel vun enger Serie iwwer d'Failliten am Kader vun der VEFA. De nächste Reportage gëtt an der nächster Woch op RTL Infos, RTL Today an RTL.lu publizéiert.
Wann Dir selwer an enger änlecher Situatioun sidd a wëllt vun eisem Journalist kontaktéiert ginn, da schéckt eng E‑Mail un dës Adress: rtlinfos@rtl.lu.

Back to Top
CIM LOGO