Invité vun der Redaktioun (15. Abrëll) - Alain BeckerZanter der Reform vun de Rettungsdéngschter vill nei Fräiwëlleger

Sascha Georges
Eisen Invité vun der Redaktioun um Méindeg de Moien war de President vum CGDIS.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Alain Becker
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Zanter der Reform vun de Rettungsdéngschter, déi den 1. Juli zejoert a Kraaft getrueden ass, huet ee méi Fräiwëlleger bäikritt, wéi Leit, déi gaange sinn. Dat sot de President vum CGDIS, dem „Corps grand-ducal d'incendie et de secours“, den Alain Becker e Méindeg de Moien. 75 Persoune si gaangen, 150 koume nei bäi. Et hätt ee vill Fräiwëlleger. Déi géife generell och duergoen, mä et kéint een net alles op de Benevolat setzen. Et géif ee virun allem strukturell Problemer den Dag iwwer bemierken, do misst een dee Moment dann op Professioneller zeréckgräifen.

Reform vun de Rettungsdéngschter
9 Méint ass d'Reform elo hir. Wann et ee Joer gëtt, da soll den éischte Bilan gezu ginn.

Datt d'Reform hir Friichten dréit, hätt een direkt den 2. Juli zejoert gemierkt, wéi et ee Groussbrand zu Esch gouf, duerno gouf et ee Feier zu Hamm. Duerno hat et am Norde vum Land, an der Géigend vun der Giewelsmillen gebrannt. Dat wieren déi éischt Prouwe vum Zesummeleeë vun de Pompjeeën an der Protection civile gewiescht. Et hätt ee gesinn, datt d'Couverture flächendeckend kéint garantéiert ginn.

9 Méint ass d'Reform elo hir. Wann et ee Joer gëtt, da soll den éischte Bilan gezu ginn. Dat soll da vun deenen Experte gemaach ginn, déi och d'Reform proposéiert haten.

Eisen Invité vun der Redaktioun um Méindeg de Moien war de President vum CGDIS.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO