Um Punkt 9 Auer sinn d’Dieren opgaangen a kuerz drop waren d’Still och scho praktesch all gefëllt, fir uschléissend an enger Kabinn geimpft ze ginn. D’Grënn vun de Leit waren ënnerschiddlecher.
Just op Rendez-vous a just fir d’Booster-Impfunge funktionéiert den Impfzenter. An datt well et do de Moment am meeschten Drock géif ginn, erkläert de Luc Feller, Haut-Commissaire à la protection nationale: “Dës Woch vu mer 57.000 Invitatioune fir de Booster erausgeschéckt, nächst Woch 22.000. Dat wäert och an deem Rhythmus bis Enn Januar weidergoen an an deenen aneren Zenteren hu mer genuch Capacitéite fir d’Primo-Vaccinatiounen opgelooss. Mir loossen deene Leit eng gewësse Prioritéit, fir d’Grondimmuniséierung an d’Luucht ze dreiwen.”
Impfstoff wier genuch do, fir all d’Leit kënnen ze boosten. Am Prinzip kritt ee Moderna gesprëtzt: “Wann aus iergendengem medezinesche Grond dat net méiglech ass, kënne mer och Pfizer sprëtzen. Mee de Moderna weist och ganz gutt Resultater bei de Studien als Booster-Impfstoff.”
Tëscht 1.200 an 1.300 Leit kéinte pro Dag hir Dosis gesprëtzt kréien, betount den Dr. Youssef Sofiane, Responsabel am Impfzenter: “Haut hu mer 8 Linnen, déi op sinn, et gouf also e grousse Flux vu Leit, déi sech geimpft hunn. A vun e Méindeg un hu mer dann 12 Linnen op.”
Eng fix Unzuel u medezineschem a paramedezineschem Personal vun der Air Rescue schaffen am Impfzenter: “An d’Reserve sanitaire huet nach aner Leit designéiert, déi och an aneren Impfzentere schaffen, déi eng Hand mat upaken, fir datt mer e Roulement hunn an der Demande, déi vun Dag zu Dag klëmmt, kënne gerecht ginn.”
De Moment ass emol virgesinn, datt den Impfzenter wärend 5 Wochen ophuet, woubäi net auszeschléissen ass, datt dat nach emol verlängert gëtt.