Ouni Test dierf keen u BordZanter e Mëttwoch Hallefnuecht sinn nees Flich vu London op Lëtzebuerg erlaabt

RTL Lëtzebuerg
Passagéier mussen allerdéngs en negativen PCR-Test virleeën, deen net méi al wéi 3 Deeg ass, soss dierfe si net u Bord vum Fliger.
Flich aus Groussbritannien op Lëtzebuerg nees méiglech
Dofir mussen d'Passagéier awer en Test virweisen, deen net méi al wéi 3 Deeg ass, soss gi si net u Bord vum Fliger gelooss.

Zanter Hallefnuecht dierfen nees Flich aus Groussbritannien hei zu Lëtzebuerg landen. Passagéier sinn duerch eng Decisioun vum Aussen-, dem Transport- an dem Santésministère awer u Konditioune gebonnen, fir kënnen an de Grand-Duché zréckzekommen.

Et muss ee kënnen en negativen PCR-Test virweisen, deen net méi al wéi 48 Stonnen.

All déijéineg, déi en Test gemaach hunn, deen awer méi al wéi 48 a manner al wéi 72 Stonnen ass, muss sech direkt bei senger Arrivée hei am Land nach emol um Findel teste loossen a sou laang an Auto-Quarantän goen, bis en negatiivt Testresultat virläit.

Wéi d'Luxair an engem Schreiwes nach präziséiert, ginn och d'Resultater vun Antigen-Schnelltester acceptéiert.

Déi national Fluchgesellschaft flitt iwwert d'Feierdeeg 5 Aller-Retour Flich op London. Dem Ausseminister Jean Asselborn no, hale sech den Ament eng 500 Persounen aus dem Grand-Duché a Groussbritannien op, déi mat der Luxair dohinner geflu sinn. Zil wier et, déi sou séier wéi méiglech zréckzebréngen. Deen éischte Vol op London geet am Nomëtteg um 15.45 Auer eraus.

PDF: De Communiqué vun der Luxair

Back to Top
CIM LOGO